« Terug naar enkele weergave
Vergelijken:
Luxemburgs ⇄
Engels
Geen vertalingen of parallellen gevonden voor dit document.
PDFsToWord.Com
Buchdeckel vir: Vereeneg d'Häerzer
Editeur: Nationale Geeschtege Rot vun de
Bahá'í vu Lëtzebuerg, 17, allée Léopold
Goebel, L-1635, Lëtzebuerg
Tel: +352 44 22 20 secretariat@bahai.lu
2017 ISBN: 978-99959-786-3-1
bahai.lu
bahai.fr
bahai.de
bahai.be
bahai.org
bahaullah.org
200
Eng Auswiel, zesummegestallt op Ufro
vum Nationale Geeschtege Rot vun de Bahá’í vu Lëtzebuerg bei
Geleeënheet vun der Zweehonnertjoerfeier vun der Gebuert
vu Bahá’u’lláh a vum Báb.
Geseent ass den Uert, d’Haus an
d’Plaz, d’Stad an d’Häerz, de Bierg an den Ënnerdaach, d’Hiel an
den Dall, d’Land an d’Mier, d’Insel an d’Weed, wou Gott ernimmt a
Säi Luef verherrlecht gëtt.
Bahá’u’lláh
Dës herrlech Festlechkeete wäerten de Bahá’í an all
Land Geleeënheete bidden, déi gréisstméiglech Zuel vu
Gleewegen, hir Familljen, Frënn a Mataarbechter, sou
wéi och anerer aus der Gesellschaft ronderëm si
anzelueden, fir un déi Momenter ze denken, wou en
eenzegaartegt Wiesen an der Schëpfung, eng Manifestatioun vu
Gott, an dës Welt gebuer gouf.
D’Universaalt Haus vun der GerechteGkeet
AFÉIERUNG
Am Laf vun der Geschicht huet Gott der Mënschheet eng Rei
vu gëttlechen Erzéier geschéckt, déi och Manifestatioune vu Gott
genannt ginn. Hir Léieren hunn d’Fundamenter fir de Fortschrëtt vun
der Zivilisatioun bruecht. Bahá’u’lláh, déi rezentst vun
dëse Manifestatiounen erkläert, dass d’Relioune vun der Welt aus
derselwechter Quell stamen, an dass si - an hirem Wiesen -, ëmmer
nei Kapitele vun enger an derselwechter gëttlecher Relioun sinn.
Bahá’u’lláh entwéckelt a senge Schrëften
eng Visioun vun der Zukunft vun der Gesellschaft, vun der Natur
a vum Zil vum Liewen, déi de Grondstee leet vun
enger Weltzivilisatioun, déi sech entfaalt, déi d'Mënschen zesummeféiert
an déi déi materiell a geeschteg Entwécklung vum Eenzelnen an
de Vëlker séchert.
Seng Léieren, déi als Zil d’Unerkennung vun
der Eenheet vun der Mënschheet hunn, bidden eng iwwerzeegend
Visioun vun enger Welt, déi vereent ass a wou
Gerechtegkeet, Fridden a Wuelstand
erriicht ginn. Millioune vu Gleeweger uechter
d’Welt, vun alle kulturellen, reliéisen a sozialen
Originnen, fannen do d’Quell vun hirer Inspiratioun a fir
hiren Asaz am Déngscht vun der Verbesserung vun der
Gesellschaft an dem Opbau vu liewege Gemeinschaften.
DE BÁB (1819-1850)
De Báb
ass de Virleefer vum Bahá’í Glawen. An der Mëtt
vum 19te Joerhonnert huet hien ugekënnegt, eis e Message ze
bréngen, dee bestëmmt ass, d’geeschtegt Liewe vun
der Mënschheet ze veränneren. Seng Missioun war
et, de Wee fir en neie Gottesoffenbarer mat engem méi héije Rang
wéi sengem, virzebereeden, deen en Zäitalter vu Fridden a
Gerechtegkeet aleede géif.
BAHÁ’U’LLÁH (1817-1892)
Bahá’u’lláh - d’«Herrlechkeet vu Gott» - ass
deen, dee vum Báb a vun alle Gottesoffenbarer aus der Vergaangenheet
ugekënnegt gouf. Bahá’u’lláh huet der Mënschheet eng nei Offenbarung
vu Gott vermëttelt. Dausende vu Versen, Bréiwer
a Bicher stamen aus senger Fieder. A senge Schrëften huet hien e
Kader fir d’Entwécklung vun enger Weltzivilisatioun definéiert, deen
déi spirituell
a materiell Dimensioune vum Liewen am Bléck huet. Als
gëttlech Manifestatioun, deen d’Liicht vun der Eenheet a vum Fridde
bruecht huet, huet Bahá’u’lláh 40 Joer Prisong, Tortur an Exil
erlidden.
D’BAHÁ’Í
An de geeschtegen a spirituellen Aspekter vun hirem
Liewe beméie sech d’Bahá’í, d’Léiere vu Bahá’u’lláh an d’Praxis
ëmzesetzen, d’Eenheet an d’Wuel vun der Mënschheet virunzebréngen, an zu
enger weltwäiter Solidaritéit bäizedroen.
D’Fäegkeete fir sech fir soziale Fortschrëtt
anzesetzen, ginn an engem Erzéiungsprozess entwéckelt, wou jidderee
sech verännert a gläichzäiteg un der Ëmwandlung vun der Gesellschaft
matschafft:
Kannerklasse setzen d’Fundament vun engem nobele
Charakter mat Dugenden.
Aktivitéite mat Jugendlecher hëllefen hinnen,
hir moralesch Identitéit ze entwéckelen an Déngschter ze leeschten, déi
hir Noperschaft brauch.
Studiekreesser erlaben et Persoune vu verschidden
Urspréng, zesummen iwwer d’Ëmsetzung vu gëttleche Léieren an hirem individuellen a kollektive Liewen nozedenken.
Gebietsversammlunge stäerken dat geeschtegt
Liewen an déi sozial Relatioune vun den Awunner.
Dës lokal Aktivitéite sinn op fir jiddereen. Si
ginn organiséiert a gedroe vun deenen, déi aktiv zu hirem eegene Wuel an deem
vun hirer Ëmwelt bäidroe wëllen.
ENG AUSWIEL AUS DE BAHÁ'Í SCHRËFTEN
«Wësst dir net firwat Mir iech all aus deemselwechte Stëbs
erschaf hunn? Fir dass kee sech iwwer deen aneren erhieft. Bedenkt zu
jidder Zäit an ären Häerzer, wéi dir erschaf gi sidd.»
Bahá’u’lláh
«D’Welt vun der Mënschheet huet zwee Flilleken - deen
een ass d’Fra, deen aneren de Mann. Nëmme wann déi zwee Flilleke
sech gläichméisseg entwéckelen, kann de Vugel fléien. Wann
ee Flillek schwaach bleift, kann de Vugel onméiglech
fléien.»
‘Abdu’l-Bahá
«Lee dir selwer all Dag Rechenschaft of, éier
s du zur Rechenschaft gezu gëss; well den Doud kënnt
onerwaart, an da muss du dech fir deng Dote veräntweren.»
Bahá’u’lláh
«D’Äerd ass nëmmen ee Land
an all d’Mënsche si seng Bierger.»
Bahá’u’lláh
«D’Verbesserung vun der Welt kann duerch reng a
gutt Doten, duerch e luewenswäert an éierbaart Verhalen erreecht
ginn.»
Bahá’u’lláh
«Daucht an an d’Mier vu
menge Wierder, fir doranner d’Geheimnisser ze erfaassen an
all d’Pärele vun der Wäisheet ze entdecken, déi sech an
hiren Déifte verstoppen.»
Bahá’u’lláh
«D’Gebiet ass e Gespréich mat Gott. Dat héchst Zil
oder de séissten Zoustand ass keen anere wéi d’Gespréich mat Gott. Et
schaaft Geeschtegkeet, Bewosstsinn an himmlesch Gefiller,
bewierkt nei Unzéiunge vum Kinnekräich an erwächt d’Empfänglechkeet
vun der méi héijer Intelligenz.»
‘Abdu’l-Bahá
GEBIEDER & MEDITATIOUNEN
Genau sou wéi eise Kierper Nahrung brauch, ernäert
d’reegelméissegt Gebiet eis Séil, erfrëscht d’Häerz a rengegt et vu
weltlechen Ofhängegkeeten. Dëst geeschtegt Gespréich vun der Séil
mat sengem Schëpfer, intim an direkt, erméiglecht hir
et, Hëllef ze froen, iwwer d’Liewen nozedenken, ëm Rot ze
froen, oder einfach nëmme seng Léift an Dankbarkeet auszedrécken.
A wann d’Aarbecht am Geescht vum Déngscht gemaach
gëtt, ass si och eng Dot vun Ubiedung.
«Vergiess alles ausser Mir a kommunizéier mat Mengem
Geescht. Dat ass d’Essenz vu Mengem Gebot, dofir hal dech
dorunner.»
Bahá’u’lláh
«… d’Gebiet erwächt an entfaalt eise Geescht
a schützt eis viru Prüfungen.»
‘Abdu’l-Bahá
DEEGLECHT GEBIET
Ech bezeien, o mäi Gott, dass Du mech
erschaf hues, fir Dech ze erkennen an Dech unzebieden. Ech
bekennen an dësem Abléck meng Schwächt an Deng Muecht, meng Aarmut
an Däi Räichtum. Et gëtt keen anere Gott ausser
Dir, Deen, deen hëlleft a Gefor, Deen, deen
duerch Sech selwer ass.
Bahá’u’lláh
EENHEET & FRIDDEN
O mäi Gott, o mäi Gott! Vereeneg d’Häerzer vun Dengen
Dénger a weis hinnen Däi grousse Plang, datt si Denge Geboter
kënnen nogoen an Däi Gesetz beuechten. Hëllef hinnen, o
Gott, an hirem Beméien, a schenk hinne
Kraaft, Dir ze déngen. O Gott! Iwwerlooss si net sech
selwer, mee leet hir Schrëtt mam Liicht vun Dengem Wëssen, an
erfree hir Häerzer mat Denger Léift. Du bass wierklech Deen, deen
hinnen hëlleft an Du bass hiren Här.
Bahá’u’lláh
O eise Gott, mir bieden dech beim
Kinnek vun den Nimm, an dem Schëpfer vun Himmel an Äerd, beim
Dausche vun de Blieder vum Liewensbam a bei Denge Wierder, déi
eis d’Wierklechkeet vun allem méi no bréngen, gëff, dass
d’Eenheet an der Léift zu Gott, séier uechtert d’Welt erriicht
gëtt; dass Du eis leede wäerts, ëmmer an onfeelbar, zu deem
hin, wat mir no Dengem Wëlle maache sollten, an dass mir
ëmmer staark a voll a ganz virbereet sinn, Dir
direkt, ouni ze zécken an ouni Bedingung, ze follegen.
Bahá’u’lláh
O du gudden Här! Du hues d’ganz Mënschheet aus deem
selwechte Stamm erschaf. Du hues bestëmmt, dass si all zum selwechte Stot
gehéieren. An Denger helleger Präsenz si si all Deng Dénger, an
d’ganz Mënschheet fënnt en Ënnerdaach an Dengem Hellegtum. Si sinn all
ronderëm den Dësch vun Denger Mëtschgiewegkeet versammelt; si sinn all erliicht vun der Luucht vun Denger Vorsehung.
O Gott! Du bass gutt zu jidderengem, Du suergs fir jiddereen, Du pass op jiddereen op, Du gëss
jidderengem d’Liewen. Du hues jidderengem Talenter a Fäegkeete ginn, an alleguer si si an d’Mier
vun Dengem Erbaarme gedaucht.
O Du gudden Här! Vereeneg si all. Looss
d’Relioune sech eens ginn a vereeneg d’Natiounen, fir dass si een deen
anere wéi eng Famill gesinn an d’ganz Äerd wéi een Doheem. O dass si
dach alleguer a vollkommener Harmonie zesummeliewen!
O Gott! Erhief Du de Fändel vun der Eenheet vun der
Mënschheet. O Gott! Erriicht de Gréisste Fridden. Schmëlz Du, O Gott,
d’Häerzer zesummen.
O Du gudde Papp, Gott! Erfree
eis Häerzer duerch den Doft vun Denger Léift. Erliicht eis Aen
duerch d’Luucht vun Denger Féierung. Erfree eis Ouere mat der Melodie vun
Dengem Wuert a behitt eis all an der Festung vun Denger Vorsehung. Du
bass de Mächtegen an de Staarken, Du bass Deen, dee verzeit an Deen, deen
d’Mängel vun der ganzer Mënschheet iwwersäit.
‘Abdu’l-Bahá
ELTEREN
Et gehéiert sech, dass den Dénger no all Gebiet
Gott biet, sengen Elteren Erbaarmen a Verzeiung ze
bewëllegen. Esou wäert d’Stëmm vu Gott sech erhiewen:
«Wat s du fir Deng Eltere gefrot
hues, kriss du dausendfach als Belounung!» Geseent ass
deen, deen u seng Elteren denkt, wann hie mat
Gott kommunizéiert. A Wierklechkeet gëtt et keen anere Gott
ausser Him, de Mächtegen, Deen, dee jidderee gär huet.
De Báb
ERAUSFUERDERUNGEN & TESTER
Gëtt et een, dee Schwieregkeeten
ewechhëlt ausser Gott? So: Gelueft sief Gott! Hien ass Gott! Si
sinn all Seng Dénger, an all hale sech u Säi Gebot.
De Báb
So: Gott geet allem duer, an iwwer alles
ewech, an näischt an den Himmelen an op der Äerd, kann duergoen
ausser Gott. A Wierklechkeet ass Hie selwer Deen, dee weess, deen ënnerstëtzt, den
Allmächtegen.
De Báb
FÉIERUNG
Éier sief Dir, o Gott, fir Deng
Offenbarung vu Léift zur Mënschheet! O Du, deen s Du eist Liewen
an eist Liicht bass, féier Deng Dénger op Däi Pad, maach si
räich an Dir a fräi vun allem ausser Dir.
O Gott, léier si Deng Eenzegkeet, a looss si
Deng Eenheet erkennen, fir dass si soss kee gesinn ausser Dir. Du
bass de Baarmhäerzegen, an de Generéisen!
O Gott, schaf an den Häerzer vun deenen, déi Dech
gär hunn, d’Feier vun Denger Léift, fir dass et d’Gedanken un
alles ausser Dir ewechbrenne kann.
Offenbar hinnen, o Gott, Deng
himmlesch Éiwegkeet; dass Du ëmmer waars an ëmmer wäerts sinn an
dass et kee Gott gëtt ausser Dir. A Wierklechkeet fanne mir an
Dir Trouscht a Kraaft!
Bahá’u’lláh
GLAWEN
O Här! Erméiglech alle Vëlker vun der Äerd
an d’Paradäis vun Dengem Glawen eranzekommen, sou dass keen
erschafent Wiesen ausserhalb de Limitte vun Dengem Gefale
bleiwe wäert. Säit éiwegen Zäite bass Du mächteg
ze maachen, wat Dir gefält an transzendent iwwer wat och ëmmer s
Du wënschs.
De Báb
HEELUNG & STÄERKT
Däin Numm ass meng Heelung, o mäi
Gott, an Denger ze gedenken ass meng Medezin. No bei Dir ze
sinn, ass meng Hoffnung, an d’Léift fir Dech ass mäi
Begleeder. Deng Baarmhäerzegkeet ass meng Heelung a meng Hëllef a béide Welten, an
dëser, an an där, déi kënnt. Du bass wierklech de Mëtschgiewegsten, den Allwëssenden, den Onendlechweisen.
Bahá’u’lláh
HËLLEF
Schaf a mir e rengt Häerz, o
mäi Gott, a gëff mir op en Neits e rouegt Gewëssen, o
meng Hoffnung! Bestäteg Du mech an Denger Saach duerch de
Geescht vun der Muecht, o meng grouss Léift, a looss mech
Däi Wee kucken duerch d’Liicht vun Denger Herrlechkeet, o Du
d’Zil vu mengem Verlaangeren! Erhief mech mat der Kraaft vun Denger transzendenter
Muecht an den Himmel vun Denger Hellegkeet, o Quell vu
menger Existenz, an erfree mech duerch den duusse Wand vun
Denger Éiwegkeet, o Du, deen s Du mäi Gott bass! Looss Deng
éiweg Melodië Rou op mech stréimen, o
mäi Begleeder, a looss de Räichtum vun Dengem
uréiwegen Ubléck mech fräimaache vun allem ausser Dir, o mäi
Meeschter, a looss d’Noriichte vun der Offenbarung vun
Dengem onvergängleche Wiese mir Freed bréngen, o Du, den
Offensichtlechste vun all deenen déi offensichtlech sinn, an
de Verbuergenste vun all deenen déi verbuerge sinn!
Bahá’u’lláh
O mäi Gott! Ech froen dech, bei Dengem herrlechsten
Numm, mir an deem ze hëllefen, wat d‘Ugeleeënheete vun Dengen Dénger
zum Erfolleg féiert, an Deng Stied erbléien deet. Du hues
wierklech Muecht iwwer alles.
Bahá’u’lláh
JUGENDLECH
O Här! Looss dëse jonke Mënsch stralen, an erweis
dësem aarme Wiesen deng Guttheet. Schenk
him Wëssen, maach hie mueres fréi nach méi staark a behitt hien
ënner dem Daach
vun Dengem Schutz, fir dass hie fräi gëtt vun all Iertum, sech
fir den Déngscht un Denger Saach hiergëtt, déi Verierte
leet, déi Onglécklech féiert, déi Gefaange befreit an déi
Liichtsënneg erwächt, fir dass si all mat Dengem Gedenken an
Dengem Luef geseent ginn. Du bass de Mächtegen an de Staarken.
‘Abdu’l-Bahá
KANNER
O Gott! Erzéi dës Kanner. Dës Kanner sinn d’Planzen
aus Dengem Bongert, d’Blumme vun Denger Wiss, d’Rousen aus
Dengem Gaart. Looss Däi Reen op si falen; looss d’Sonn vun
der Wierklechkeet mat Denger Léift op si schéngen. Looss Deng Lëftche
si erfrëschen, fir datt si ausgebilt ginn, wuessen, sech
entfalen, a sech a gréisster Schéinheet weisen. Du bass
Deen, dee gëtt a voller Matleed ass.
‘Abdu’l-Bahá
Hien ass Gott! O Gott, mäi Gott! Schenk mir en
Häerz, sou reng wéi eng Pärel.
‘Abdu’l-Bahá
O Gott, leet mech, hal Deng Hand iwwer mech, maach
aus mir eng stralend Luucht an e blénkege Stär. Du bass de Mächtegen
an de Staarken.
‘Abdu’l-Bahá
LUEF & DANK
Mäi Gott, mäin Ugebieten, mäi
Kinnek, mäi Begieren! Wéi eng Wierder kënne mäin
Dank un dech ausdrécken? Ech war zerstreet, Du
awer hues mech erwächt. Ech hat Dir de Réck zougedréit, Du
awer hues mir gnädeg gehollef, mech Dir nees zouzewenden. Ech
war wéi dout, Du awer hues mech mam Waasser vum Liewen
zeréckbruecht. Ech war verdréchent, Du awer hues mech
mam himmlesche Stroum vun Denge Wierder, déi aus der Fieder
vum Allbaarmhäerzege gefloss sinn, belieft.
O gëttlech Vorsehung! Alles wat
besteet, kënnt vun Denger Gnod; verweiger deem net
d’Waasser vun Denger Mëtschgiewegkeet an hal se net zeréck virum Mier
vun Dengem Erbaarmen. Ech bieden dech: Hëllef mir, a stéi mir zu allen Zäiten an
ënner alle Bedingunge bäi, an ech sichen
Deng uréiweg Gonscht vum Himmel vun Denger Gnod. Du
bass a Wierklechkeet den Här vun Der Gnod, den Herrscher vum Räich
vun der Éiwegkeet.
Bahá’u’lláh
MOIES
Looss all Moie besser si wéi den Owend virdrun an all
neien Dag méi räich wéi de viregten. De Verdéngscht vum Mënsch berout
op Déngscht an Dugend, net op glänzendem Wuelstand
a Räichtum.
Bahá’u’lláh
Ech sinn an Dengem Ënnerdaach erwächt, o
mäi Gott, an et gehéiert sech deem, deen dësen Ënnerdaach
sicht, ënner Dengem hellege Schutz an an Denger staarker Festung ze
bleiwen. Erliicht mäi bannenzegt Wiesen, o mäi
Gott, mam Glanz vun der Moiessonn vun Denger Offenbarung, sou
wéi s Du mäi baussenzegt Wiese mat der Moiesluucht vun Denger
Gonscht méi hell gemaach hues.
Bahá’u’lláh
OWES
O mäi Gott, mäi Meeschter, d’Zil vu mengem Verlaangeren. Däin
Dénger wëll schlofen am Ënnerdaach vun Dengem Erbaarmen a rouen
am Zelt vun Denger Gnod. E biet Dech un, fir dass Du fir hie
suergs, an dass näischt un hie kënnt.Ech bieden Dech o mäin Här, bei
Dengem A, dat net schléift, behitt meng Aen, dass
si soss näischt kucke wéi Dech. Maach dann hire Bléck
schaarf, fir dass si Deng Zeechen erkennen an den Horizont vun Denger
Offenbarung kucken. Du bass Deen, virun Deem sengen Offenbarunge vun
héchster Muecht all Muecht an hirem Wiesenskär
ziddert. Et gëtt kee Gott ausser
Dir, den Allmächtegen, den Allesënnerwerfenden, de
Vollkommenen.
Bahá’u’lláh
SCHUTZ
... Bewaffnet mat der Muecht vun Dengem Numm, kann näischt mir jeemools wéidoen, a
mat Denger Léift a mengem Häerz kann de Misär vun der ganzer Welt
mech op keng Manéier beonrouegen...
Bahá’u’lláh
STANDHAFTEGKEET
O Här, mäi Gott! Stéi deene bäi, déi
s Du gär hues, fir dass si fest an Dengem Glawe
sinn, op Denge Weeër ginn a standhaft an Denger
Saach sinn. Gëff hinnen Deng Gnod, dem Stuerm vun
der Selbstsucht an der Leidenschaft ze widderstoen, an dem
Liicht vun der gëttlecher Féierung nozegoen.
Du bass de Mächtegen, de Gnädegen, Deen, deen duerch sech selwer ass, Deen, dee gëtt, de Matleedvollen, den Allmächtegen, de
Ganzgeneréisen.
‘Abdu’l-Bahá
VERSTUERWEN
Erlab, o mäin Här, dass déi, déi zu
Dir eropkomm sinn, an Dir, dem beschte Komerod, en
Ënnerdaach fannen, an dass si am Schiet vum Tabernakel vun
Denger Majestéit an am Hellegtum vun Denger
Herrlechkeet wunnen. Verspreet Du iwwer si, o
mäin Här, vum Mier vun Denger Verzeiung, wat si
wierdeg mécht an Dengem allerhéchste Kinnekräich an am himmleschen Domän
ze wunnen, soulaang wéi Deng Herrschaft dauert.
Mächteg bass Du ze maachen, wat Dir gefält.
Bahá’u’lláh
So: O Gott, mäi Gott! Du hues mengen Hänn e
Schaz vun Dir uvertraut, an no Dengem Wëllen, wéi et Dir
gefält, hues Du hien elo zu Dir zeréckgeruff. Et steet
mir, Denger Mod, net
zou, ze froen, firwat mech dat getraff huet oder firwat et
geschitt ass, well Du gëss verherrlecht an
all Denge Wierker, an Dengem Befeel muss gefollegt ginn. Deng
Mod, o mäin Här, huet hir Hoffnungen op Deng Gnod a Guttheet
gesat. Looss si dat erreechen, wat si no bei Dech bréngt, a wat hir an
all Denge Welten zegutt kënnt. Du bass
Deen, dee verzeit, de Ganzgeneréisen. Et gëtt kee Gott ausser
Dir, Deen, dee bestëmmt, den Uréiwegen.
Bahá’u’lláh
INHALT
DEEGLECHT GEBIET 11
EENHEET & FRIDDEN 11-13
ELTEREN 14
ERAUSFUERDERUNGEN & TESTER 15
FÉIERUNG 16
GLAWEN 17
HEELUNG & STÄERKT 17
HËLLEF 18-19
JUGENDLECH 20
KANNER 21
LUEF & DANK 22
MOIES 23
OWES 24
SCHUTZ 24
STANDHAFTEGKEET 25
VERSTUERWEN 26-27
BIBLIOGRAPHIE
E groussen Deel vun de Gebieder sinn an dëser
Publikatioun fir d’éischt iwwersat a verëffentlecht. D’Bahá’í
Schrëften a Gebieder goufe meeschtens op persesch an
arabesch niddergeschriwwen. De Shoghi Effendi, den Hidder vum Bahá’í
Glawen, huet villes op Englesch
iwwersat. Dës englesch Texter sinn d’Referenz fir d’Iwwersetzung
an all déi aner Sproochen.
Bahá’u’lláh, 1817-1892, Bahá‘í prayers: a
selection /
revealed by Bahá’u’lláh, the
Báb, and ‘Abdu’l-Bahá. 1991 Edition
ISBN: 0-87743-230-9
D’Aféierung, de Báb, Bahá’u’lláh, d’ Bahá‘í, Gebieder
a Meditatiounen, fënnt een am
Bichelchen: Unifier l’humanité, Die Menschheit
vereinen, Unifying Humankind, 2017
ISBN: 2-87203-116-2
Erliicht mäin Häerz, 11 Gebieder a fënnef
Sproochen, Esslemont Verlag, 2017
ISBN: 978-99959-786-2-4
Déi Verbuerge
Wierder, Verëffentlechungen - Bahá’í Lëtzebuerg, 2017
ISBN: 978-2-9599754-0-0
Buchdeckel hannen:
Dir sidd all d’Blieder vun engem Bam an d’Drëpsen aus
engem Ozean.
Bahá’u’lláh
Kies een tweede tekst om parallel te lezen — een vertaling, of een willekeurige andere tekst.
Kies een andere tekst