# Verbuerge Wierder

*Exported from [Holy-Writings.com](https://www.holy-writings.com/) on 2026-06-18 — 1 clipping.*

---

> Déi Verbuerge Wierder vum Bahá’u’lláh
> 
>  
> 
> Lëtzebuergesch Iwwersetzung aus
> dem Englesche vum Jean-Marie NAU mat Hëllef vun der Iwwersetzungskommissioun.
> 
>  
> 
> © 2007 Verëffentlechungen Nationale
> Geeschtege Rot vun de Bahá’í vu Lëtzebuerg 
> 
> 17, avenue Léopold Goebel, Luxembourg
> 
> Bibliothèque nationale du
> Luxembourg
> 
> ISBN: 978-2-9599754-0-0
> 
> Imprimé au Luxembourg
> 
>  
> 
> Déi
> Verbuerge Wierder
> 
> Bahá’u’lláh
> 
> Déi Verbuerge Wierder sinn e Schaz
> vu gëttleche Geheimnisser. Wann s du iwwert hiren Inhalt
> nodenks, wäerte sech d’Diere vun de Geheimnisser opmaachen.[1] [2]
> 
>  
> 
> Aféierung
> 
> Déi Verbuerge Wierder, e Meeschterwierk vu mystescher Poesie, gouf 1858 am Irak geschriwwen.
> An déiwer Mediatioun, laanscht dem Ufer vum Floss Tigris, huet Bahá'u'lláh,
> Begrënner vum Bahá'í Glawen, iwwert déi éiweg Bezéiung tëschent Gott an dem
> Mënsch nogeduecht, iwwert de Sënn vum Liewen an all d’Hënnernesser déi virum
> Mënsch leien, op sengem Wee zur geeschteger Perfektioun. Aus sou enger déiwer
> Kontemplatioun koum d'Inspiratioun fir eng erstaunlech Kollektioun vu kuerzen,
> meditative Versen. An deene puer Zeile fënnt een eng Distillatioun vun deene
> geeschtege Wourechten, déi d'zentral Kraaft hannert all de reliéisen
> Traditioune vun der Vergaangenheet duerstellen. [3][4]
> 
>  
> 
> Dësen éischten Deel, op Arabesch
> offenbaart, gouf vum Shoghi Effendi, Hidder vum Baha'i Glawen, op Englesch
> iwwersat. Dës Iwwersetzung op Lëtzebuergesch baséiert virun allem op der
> englescher Iwwersetzung.
> 
>  
> 
> Déi Verbuerge Wierder vum
> Bahá’u’lláh, aus dem Arabeschen
> 
>  
> 
> HIEN ASS DEN HERRLECHE VUN
> DEN HERRLECHEN!
> 
> Dëst ass dat wat aus dem
> Räich vun der Herrlechkeet erofkoum, ausgeschwat duerch d’Zong vun der Muecht
> an der Stäerkt, a wat de fréiere Propheten offenbaart gouf. Dorauser hu Mir déi
> déif Essenz geholl an an d’Kleed vun der Kierzt gekleet, als en Zeeche vun der
> Gnod fir déi Gerecht, dass si dem Härgott senger Allianz trei bleiwen, duerch
> hiert Liewe Säi Vertrauen erfëllen, an am Räich vum Geescht den Edelstee vun
> der gëttlecher Dugend kréien. 
> 
>  
> 
> 1. O JONG VUM GEESCHT!
> 
> Dat hei
> ass Mäin éischte Rot: Dass du e rengt, guttmiddegt a stralend Häerz hues, sou
> dass du onvergänglech Souveränitéit kriss, onzerstéierbar an éiweg.
> 
>  
> 
> 2. O
> JONG VUM GEESCHT!
> 
> Wat Ech vun allem am léifsten hunn ass d’Gerechtegkeet; dréi hir net de
> Réck wann s du Mech wëlls a vernoléisseg se net, fir dass Ech Mech dir
> uvertraue kann. Mat hirer Hëllef wäerts du mat dengen eegenen Ae gesinn, an net
> mat deene vun aneren, a wäerts duerch deng eegen Erkenntnis wëssen an net
> duerch d’Wësse vun dengem Noper. Iwwerlee dir an dengem Häerz wéi s du solls
> sinn. A Wierklechkeet ass d’Gerechtegkeet Mäi Cadeau fir dech an d’Zeeche vu
> Menger onendlecher Gnod. Hal
> dir dat virun Aen.
> 
>  
> 
> 3. O
> JONG VUM MËNSCH!
> 
> Verstoppt a Mengem éiwege Wiesen an an der Uréiwegkeet vu Menger Essenz
> wosst Ech vu Menger Léift zu dir. Dofir hunn Ech dech erschaf, hunn an dir Mäi
> Bild aggravéiert an hunn dir Meng Schéinheet offenbaart.
> 
>  
> 
> 4. O
> JONG VUM MËNSCH!
> 
> Et war Mäi gréisste Wonsch, fir
> dech z’erschafen, also hunn Ech dech erschaf. Sief du elo frou mat Mir, fir
> dass Ech däin Numm soe kann, an deng Séil mam Geescht vum Liewe fëlle kann.
> 
> 5. O JONG
> VUN DER EXISTENZ!
> 
> Sief du frou mat Mir, fir
> dass Ech dech ka gär hunn. Wann s du Mech net gär hues, ka Meng Léift dech nimools
> erreechen. Sief dir dees bewosst, O Dénger.
> 
>  
> 
> 6. O JONG
> VUN DER EXISTENZ!
> 
> Däi Paradäis ass Meng Léift.
> Däin himmlescht Heem ass nees mat Mir vereent ze sinn.
> Komm eran ouni ze zécken. Dat ass dat, wat an eisem himmlesche Räich an an
> Eiser erhuewener Herrschaft fir dech bestëmmt gouf.
> 
>  
> 
> 7. O JONG VUM MËNSCH!
> 
> Wann s du Mech gär hues,
> dréi dech ewech vun dir selwer, a wann s du wëlls, datt Ech dir gutt gesënnt
> sinn, dann denk net un däin eegene Pleséier, fir dass du a Mir stierwe kanns an
> Ech éiweg an dir liewe kann.
> 
>  
> 
> 8. O JONG
> VUM GEESCHT!
> 
> Et gëtt kee Fridde fir dech, et sief dann du entsees dir selwer an
> dréis dech Mir zou. Well et passt sech dass du dech a Mengem Numm luefs an net
> an dengem, däi Vertrauen a Mech lees an net an dech, well Ech wëll, dass ee mat
> Mir eleng iwwer alles frou ass.
> 
>  
> 
> 9. O JONG VUN DER EXISTENZ!
> 
> Meng Léift ass Meng Festung;
> deen, deen erakënnt ass sécher a gebuergen, an deen, dee sech dovun ewechdréit,
> wäert sech sécherlech veriren an zu Gronn goen.
> 
>  
> 
> 10. O
> JONG VUM WUERT!
> 
> Du bass Meng Festung, géi eran, fir dass du a Sécherheet do liewe
> kanns. Meng Léift ass an dir, sief dir dees bewosst, fir dass du Mech no bei
> dir fënns.
> 
>  
> 
> 11. O
> JONG VUN DER EXISTENZ!
> 
> Du bass Meng Luucht, a Mäi
> Liicht ass an dir. Huel dir dorauser däi Liicht a sich keen anere wéi Mech.
> Well Ech hunn dech räich erschaf an iwwert dech hunn Ech Meng Gonscht generéis verbreet.
> 
>  
> 
> 12. O
> JONG VUN DER EXISTENZ!
> 
> Mat den Hänn vun der Muecht
> hunn Ech dech erschaf a mat de Fangere vun der Kraaft hunn Ech dech geformt; an
> an dech hunn Ech d’Wiese vu mengem Liicht geluecht. Sief domat zefridden a sich
> soss näischt, well Mäi Wierk ass perfekt a Mäi Gebot ass verbindlech. Sief dir dees gewëss an zweiwel net.
> 
>  
> 
> 13. O
> JONG VUM GEESCHT! 
> 
> Räich hunn Ech dech erschaf,
> firwat méchs du dech selwer aarm? Edel hunn Ech dech erschaf, firwat erniddregs
> du dech selwer? Aus der Essenz vum Wëssen hunn Ech dir Liewe ginn, firwat sichs
> du Erliichtung bei engem anere wéi
> Mir? Aus dem Leem vun der Léift hunn Ech dech geformt, firwat befaass du dech
> mat aneren? Kuck an dech, fir dass du Mech an dir fënns, mächteg, staark a wéi
> Ech a Mir selwer bestinn.
> 
>  
> 
> 14. O
> JONG VUM MËNSCH!
> 
> Du bass Mäin Eegentum, a
> Mäin Eegentum vergeet net. Firwat fäerts du deng Vergänglechkeet? Du bass Mäi
> Liicht a Mäi Liicht wäert ni ausgoen. Firwat fäerts du d’Verläschen. Du bass
> Meng Herrlechkeet a Meng Herrlechkeet verschwënnt net. Du
> bass Mäi Kleed a Mäi Kleed gëtt ni al. Bleif dofir an denger Léift fir Mech fir
> dass du Mech am Räich vun der Herrlechkeet fënns.
> 
>  
> 
> 15. O
> JONG VUM WUERT!
> 
> Dréi däi Gesiicht zu Mir an
> entso allem ausser Mir, well Meng Souveränitéit ass bestänneg a Meng Herrschaft
> vergeet net. Géifs du en aneren wéi Mech sichen, wär deng Méi ëmsoss, souguer
> wann s du de Weltall éiweg duerchsiche géifs.
> 
>  
> 
> 16. O JONG VUM LIICHT!
> 
> Vergiess alles ausser Mir a kommunizéier
> mat Mengem Geescht. Dat ass d’Essenz vu Mengem Gebot, dofir hal dech dorunner.
> 
>  
> 
> 17. O JONG VUM MËNSCH!
> 
> Sief zefridde mat Mir a sich
> keen aneren, fir dir ze hëllefen, well keen ausser Mir kann dir jee duergoen.
> 
>  
> 
> 18. O
> JONG VUM GEESCHT!
> 
> Verlaang net vu Mir, wat Mir
> net fir dech wënschen, sief  zefridde mat deem, wat Mir fir dech bestëmmt hunn,
> well et ass dat, wat dir Notze bréngt, wann s du dech domat  zefridde gëss.
> 
>  
> 
> 19. O JONG VUN DER WONNERBARER VISIOUN!
> 
> En Hauch vu Mengem Geescht
> hunn Ech dir ageblosen, fir dass du Mech solls gär hunn. Firwat
> hues du Mech verlooss an en aneren ausser Mir begiert?
> 
>  
> 
> 20. O JONG
> VUM GEESCHT!
> 
> Mäi Recht op dech ass grouss,
> et kann net vergiess ginn. Meng Gnod fir dech ass vëlleg,
> si kann net verschleiert ginn. Meng Léift ass an dir a kann net verstoppt ginn.
> Mäi Liicht ass kloer fir dech, et kann net verdonkelt ginn.
> 
>  
> 
> 21. O
> JONG VUM MËNSCH!
> 
> Un de Bam vun der stralender
> Herrlechkeet hunn Ech fir dech déi beschte Friichte gehaangen. Firwat dréis du
> dech dovun ewech, fir dech mat deem zefridden ze ginn, wat manner gutt ass? Komm
> zréck bei dat, wat besser fir dech ass am himmleche Räich.
> 
>  
> 
> 22. O JONG VUM GEESCHT!
> 
> Edel hunn Ech dech erschaf,
> du awer hues dech selwer erniddregt. Erhief dech also zu deem, woufir s du
> erschafe goufs.
> 
>  
> 
> 23. O JONG VUM HÉCHSTEN!
> 
> Zum Éiwege ruffen Ech dech,
> du awer sichs dat Vergänglecht. Firwat hues du Eise Wonsch net respektéiert a bass
> dengem eegenen nogaang?
> 
>  
> 
> 24. O
> JONG VUM MËNSCH!
> 
> Sëtz dech net iwwert deng
> Grenzen ewech a begier net, wat net fir dech ass. Knéi dech virum Gesiicht vun
> dengem Härgott, dem Här vu Stäerkt a Muecht.
> 
>  
> 
> 25. O JONG VUM GEESCHT!
> 
> Bretz dech
> net virum Aarmen, well Ech féieren hien op sengem Wee a gesinn dech an dengem
> Gejéimers a weisen dech zréck fir all Zäit.
> 
> 26. O JONG VUN DER EXISTENZ!
> 
> Wéi konnts du deng eege
> Feeler vergiessen an dech mat de Feeler vun anere beschäftegen? Wien dat mécht gëtt
> vu Mir verworf.
> 
>  
> 
> 27. O
> JONG VUM MËNSCH!
> 
> Schwätz net iwwert d’Sënne vun
> anere sou laang s du selwer ee bass dee sënnegt. Wann s du dëst Gebot
> iwwerschreits, gëss du verworf, dat bezeien Ech.
> 
> 28. O
> JONG VUM GEESCHT!
> 
> Sief der bewosst, datt deen,
> deen d’Mënschen zur Gerechtegkeet oprifft, awer selwer ongerecht ass,  net vu
> Mir ass, souguer wann e Mäin Numm géing droen.
> 
>  
> 
> 29. O
> JONG VUN DER EXISTENZ!
> 
> Mutt kenger Séil dat zou, wat s
> du dir net selwer géifs zoumudden, a schwätz net vun deem, wat s du net méchs. Dat ass Mäi Gebot fir dech, beuecht et!
> 
>  
> 
> 30. O
> JONG VUM MËNSCH!
> 
> So Mengem Dénger net neen,
> wann en eppes vun dir wëllt, well säi Gesiicht ass Mäi Gesiicht; soss  schumm
> dech viru Mir.
> 
>  
> 
> 31. O JONG VUN DER EXISTENZ!
> 
> Lee dir selwer all Dag
> Rechenschaft of, éier s du zur Rechenschaft gezu gëss; well den Doud kënnt
> onerwaart, an da muss du dech fir deng Dote veräntweren.
> 
>  
> 
> 32. O JONG VUM HÉCHSTEN!
> 
> Fir dech hunn Ech den Doud
> zu engem Buet vu Freed gemaach. Firwat bass du traureg? Ech hunn d’Liicht
> erschaf fir dech z’erliichten. Firwat verstopps du dech
> virun em?
> 
>  
> 
> 33. O JONG VUM GEESCHT!
> 
> Mat der freedeger Noriicht
> vum Liicht gréissen Ech dech: Free dech! An den Haff vun
> der Hellegkeet ruffen Ech dech: Bleif do dran, fir dass de éiweg a Fridde
> liefs.
> 
>  
> 
>  34. O JONG VUM GEESCHT!
> 
> De Geescht vun der
> Hellegkeet bréngt dir déi freedeg Noriicht vum neien Zesummekommen; firwat bass
> du traureg? De Geescht vun der Muecht bestätegt dech a Senger Saach; firwat
> verstopps du dech? D’Liicht vu Sengem Gesiicht féiert dech; wéi kanns du dech
> verléieren?
> 
>  
> 
> 35. O JONG VUM MËNSCH!
> 
> Sief net traureg, ausser du
> bass wäit ewech von Eis; a free dech net, ausser du kënns Eis méi no a kënns
> bei  Eis zréck.
> 
>  
> 
> 36. O JONG VUM MËNSCH!
> 
> Free dech mat Begeeschterung an
> dengem Häerz, fir   dass du et wäert bass, Mir ze begéinen a Meng Schéinheet
> erëmzespigelen.
> 
>  
> 
> 37. O
> JONG VUM MËNSCH!
> 
> Verso der net selwer Mäi
> wonnerschéint Kleed an enthal dech net vun dengem Deel vu Menger wonnerbarer
> Quell, fir dass du net éiweg duuschtereg bleifs.
> 
> 38. O JONG VUN DER EXISTENZ!
> 
> Folleg Menge Gesetzer aus Léift
> zu Mir an entso dengen eegene Wënsch, wann s du Mir Freed maache wëlls.
> 
> 39. O JONG VUM MËNSCH!
> 
> Vernoléisseg Meng Geboter
> net, wann s du Meng Schéinheet gär hues, a vergiess Meng Rotschléi net, wann s du gär Meng Gonscht erreechs.
> 
> 40. O JONG VUM MËNSCH!
> 
> Géifs du och duerch den onendlech
> groussen Universum rennen an d’Héichte vum Himmel durchsichen, géifs du awer
> keng Rou fannen, ausser am Gehorsam virun Eisem Gebot an der Demut virun Eisem
> Gesiicht.
> 
> 41. O JONG VUM MËNSCH!
> 
> Verherrlech Meng Saach, fir
> datt Ech dir d’Geheimnisser vu Menger Gréisst duerleeë kann an op dech mam
> Liicht vun der Éiwegkeet schéngen.
> 
> 42. O
> JONG VUM MËNSCH!
> 
> Sief damiddeg viru Mir, fir
> dass Ech gnädeg bei dech komme kann. Erhief dech fir den Triumpf vu Menger
> Saach, fir dass du nach op der Äerd d’Victoiren erreeche kanns.
> 
> 43. O JONG VUN DER EXISTENZ!
> 
> Ernimm Mech op Menger Äerd,
> fir dass Ech denger a Mengem Himmel gedenken; op déi Manéier gi Meng Aen an
> deng erfreet.
> 
> 44. O JONG VUM TROUN!
> 
> Däin Ouer ass Mäin Ouer –
> lauschter domat; däin A ass Mäin A – kuck domat, fir dass du an denger
> déifster Séil Meng sublim Hellegkeet bezeie kanns, an Ech a Mir selwer eng méi héich
> Plaz fir dech bezeie kann.
> 
>  
> 
> 45. O JONG VUN DER EXISTENZ!
> 
> Sich de Martyrium um Wee bei
> Mech, zefridde mat Mengem Pleséier an dankbar fir dat, wat Ech bestëmmen, fir
> dass du mat Mir ënnert dem Baldachin vun der Majestéit, hannert dem Tabernakel
> vun der Herrlechkeet roue kanns.
> 
>  
> 
> 46. O JONG VUM MËNSCH!
> 
> Denk no an iwwerlee. Wëlls du
> an dengem Bett stierwen oder als Märtyrer däi Blutt am Stëbs op Mengem Wee verschëdden,
> an sou Mäin Uerder zum Ausdrock bréngen a Mäi Liicht am héchste Paradäis
> offenbaren? Entscheet dech richteg, O Dénger!
> 
>  
> 
> 47. O JONG VUM MËNSCH!
> 
> Bei Menger Schéinheet! Wanns
> du deng Hoer mat dengem Blutt fierfs, dann ass dat a Mengen Ae méi grouss wéi
> d’Schafung vum Weltall an d’Liicht vu béide Welten. Strief also duerno,
> O Dénger!
> 
>  
> 
> 48. O JONG VUM MËNSCH!
> 
> Fir alles gëtt et en
> Zeechen. D’Zeeche vun der Léift ass Standhaftegkeet a Menge Bestëmmungen a
> Gedold a Menge Prüfungen.
> 
>  
> 
> 49. O
> JONG VUM MËNSCH!
> 
> Deen, dee wierklech gär huet,
> verlaangert no Tribulatioune genee sou wéi de Rebell no Verzeiung verlaangert,
> an de Sënner no Erbaarmen.
> 
>  
> 
> 50. O JONG VUM MËNSCH!
> 
> Wann dir op Mengem Wee keen
> Ongléck zoustousse géif, wéi wéils du dann d’Weeër vun deene goen, déi zefridde
> si mat Mengem Pleséier? A wa keng Prüfung dech treffe géif an dengem
> Verlaangeren no Mir, wéi wéils du dann d'Liicht an denger Léift fir Meng
> Schéinheet erreechen? 
> 
>  
> 
> 51. O JONG VUM MËNSCH!
> 
> Meng Kalamitéit ass Meng
> Vorsehung, dem Schäin no ass et Feier a Rach, mee a Wierklechkeet Liicht a
> Gnod. Géi hir séier entgéint, fir dass du zu engem éiwege Liicht an engem
> onstierfleche Geescht gëss. Dat hei ass Mäi Gebot fir
> dech, beuecht et!
> 
>  
> 
> 52. O JONG VUM MËNSCH!
> 
> Solls de räich ginn, da free
> dech net, a wann s de erniddregt gëss, sief net traureg, well béides wäert
> vergoen an net méi sinn.
> 
>  
> 
> 53. O JONG VUN DER EXISTENZ!
> 
> Wann s de aarm gëss, sief net
> traureg, well mat der Zäit kënnt de Kinnek vum Räichtum bei dech. Fäert
> d’Erniddregung net, well Herrlechkeet wäert enges Daags op dir rouen.
> 
>  
> 
> 54. O JONG VUN DER EXISTENZ!
> 
> Wann däin Häerz op dat éiwegt,
> onvergänglecht Räich an op dat uréiwegt Liewen ausgeriicht ass, da verzicht op
> dës stierflech a vergänglech Herrschaft.
> 
>  
> 
> 55. O JONG VUN DER EXISTENZ!
> 
> Këmmer dech net ëm des Welt,
> well mat Feier préife Mir d’Gold a mat Gold préife Mir eis
> Dénger.
> 
>  
> 
> 56. O JONG
> VUM MËNSCH!
> 
> Du häss gär Gold, an Ech
> wënschen, dass du dech dovu fräi méchs. Du häls dech fir räich a sengem Besëtz,
> an Ech weess dass däi Räichtum doranner besteet, dech dovu lasszeléisen. Bei
> Mengem Liewen! Dëst ass Mäi Wëssen, an dat ass deng Virstellung; wéi ka Meng
> Meenung mat denger iwwereneestëmmen?
> 
>  
> 
> 57. O JONG VUM MËNSCH!
> 
> Gëff Mäi Räichtum Mengen
> Aarmen, fir dass du am Himmel aus de Reservë vun onverännerlechem Glanz an dem
> Schaz vun onvergänglecher Herrlechkeet schäffe kanns. Awer, bei Mengem Liewen!
> Deng Séil hirzeginn ass méi herrlech, kéins du dach nëmme mat Mengen Ae gesinn.
> 
> 58. O JONG VUM MËNSCH!
> 
> Den Tempel vun der Existenz ass
> Mäin Troun; rengeg e vun allem, fir dass Ech Mech do ka fir ëmmer nidderloossen.
> 
>  
> 
> 59. O
> JONG VUN DER EXISTENZ!
> 
> Däin Häerz ass Mäin Heem.
> Maach et helleg fir Mäi Kommen. Däi Geescht ass d’Plaz vu Mengem Erschéngen;
> rengeg e fir Meng Offenbarung.
> 
>  
> 
> 60. O JONG VUM MËNSCH!
> 
> Lee deng Hand op Mäin Häerz,
> dass Ech Mech iwwert dech erhiewe kann, liichtend a stralend.
> 
>  
> 
> 61. O JONG VUM MËNSCH!
> 
> Erhief dech zu Mengem Himmel,
> dass du d’Freed fënns, nees mat mir vereent ze sinn, an aus dem Kielech vun éiweger
> Herrlechkeet den onvergläichleche Wäin drénke kanns.
> 
> 62. O JONG VUM MËNSCH!
> 
> Vill vun dengen Deeg si
> vergaange wou s du an de Wolleke gelieft hues an dech mat dengen onnëtzen
> Illusioune beschäftegt hues. Wéi laang nach näips du op dengem Bett? Erwäch a
> stéi op, well d’Sonn steet héich um Himmel, a vläicht wëll si op dech mam
> Liicht vun der Schéinheet schéngen!
> 
> 63. O JONG VUM MËNSCH!
> 
> D’Luucht schéngt op dech vum
> Horizont vum hellege Bierg, an de Geescht vun der Erliichtung bléist am Sinai
> vun dengem Häerz. Maach dech duerfir fräi vun de Schleier vun den onnëtze
> Virstellungen a komm a Mäin Haff, fir dass du prett bass fir d’éiwegt Liewen a wierdeg
> bass, Mir ze begéinen. Dann erreecht dech weder den Doud, nach Middegkeet oder Verdross.
> 
> 64. O JONG VUM MËNSCH!
> 
> Meng Éiwegkeet ass Meng
> Schëpfung; Ech hu si fir dech erschaf. Maach si zum Kleed vun dengem Tempel.
> Meng Eenheet ass Mäi Wierk; Ech hu si fir dech erschaf. Kleed dech domat, fir dass
> du fir ëmmer d’Offenbarung vu Mengem éiwege Wiese gëss.
> 
>  
> 
> 65. O JONG VUM MËNSCH!
> 
> Meng Majestéit ass Mäi Geschenk
> fir dech, a Meng Gréisst d’Zeeche vu Mengem Erbaarme fir dech. Dat wat Mir
> passt, wäert kee verstoen, a ka vu kengem ausgedréckt ginn. A Wierklechkeet
> hunn Ech et a menge verstoppte Lagerhaiser an an de Schätz vu Mengem Gebot
> versuergt, als Zeeche vu Menger Gonscht fir Meng Dénger a Menger Baarmhäerzegkeet
> géintiwwer Mengem Vollek.
> 
> 66. O KANNER VUM GËTTLECHEN AN
> ONSICHTBARE WIESEN!
> 
> Dir wäert dru gehënnert ginn,
> Mech gär ze hunn, a Séile gi verstéiert, wa si Menger gedenken; well de
> Verstand ka Mech net begräifen an d’Häerz Mech net faassen.
> 
>  
> 
> 67. O JONG VUN DER
> SCHÉINHEET!
> 
> Bei Mengem Geescht a bei
> Menger Gonscht! Bei Mengem Erbaarmen a bei Menger Schéinheet! Alles wat Ech dir
> mat der Sprooch vun der Muecht offenbaart hunn a fir dech mat der Fieder vun
> der Kraaft niddergeschriwwen hunn, entsprécht denger Fäegkeet an dengem
> Verständnes an net Mengem Rang an der Melodie vu Menger Stëmm.
> 
>  
> 
> 68. O MËNSCHEKANNER!
> 
> Wësst dir net firwat Mir
> iech all aus deem selwechte Stëbs erschaf hunn? Fir dass kee sech iwwert deen
> aneren erhieft. Bedenkt zu jidder Zäit an ären Häerzer wéi dir erschaf gi sidd.
> Well Mir iech all aus deemselwechte Stoff erschaf hunn, passt et sech, dass dir
> wéi eng Séil sidd, dee selwechte Wee gitt, mam selwechte Mond iesst an am
> selwechte Land wunnt, fir dass an ärem bannenzege Wiesen, duerch är Wierker an
> Aktiounen, d’Zeeche vun der Eenheet an d’Essenz vun der Lassléisung zum
> Virschäi kommen. Sou ass Mäi Rotschlo un iech, o Versammlung vum Liicht! Befollegt
> dëse Rot, fir dass dir d’Fruucht vum Hellegtum vum Bam vun der wonnerbarer
> Herrlechkeet kritt.
> 
>  
> 
> 69. O DIR KANNER VUM GEESCHT!
> 
> Dir sidd Meng Schazkummer, well
> an iech hunn Ech d’Pärele vu Menge Geheimnisser an d’Edelsteng vu Mengem Wësse
> geluecht. Beschützt si virun de Friemen ënnert Mengen Dénger a virun den
> Ongleewegen a Mengem Vollek.
> 
>  
> 
> 70. O JONG VUN DEEM, DEEN
> DUERCH SÄIN EEGENT WIESEN A SENGEM EEGENE RÄICH STOUNG!
> 
> Sief dir bewosst, dass Ech dir
> all d’Parfume vun der Hellegkeet zoustréime gelooss hunn, dir Mäi Wuert voll a
> ganz offenbaart hunn, Meng Guttheet duerch dech perfekt gemaach hunn a fir dech
> nëmmen dat gewënscht hunn, wat Ech fir Mech selwer gewënscht hunn. Sief dofir
> zefridden iwwer mäi Pleséier a sief Mir dankbar.
> 
> 71. O JONG VUM MËNSCH!
> 
> Schreif alles wat Mir dir
> offenbaart hunn, mat der Tënt vum Liicht op d’Tafel vun dengem Geescht. Sollt
> dat net an denger Muecht leien, da maach deng Tënt aus der Essenz vun dengem
> Häerz. Wann s du dat net kanns, da schreif mat där rouder Tënt, déi op Mengem
> Wee ausgeschott gouf. A Wierklechkeet ass dat méi séiss fir Mech wéi alles
> anescht; dass hiert Liicht fir ëmmer bestoe bleift.
> 
>  
> 
> Cette seconde partie,
> révélée en perse, fut traduite en anglais par Shoghi Effendi, le Gardien de la
> foi bahá’íe. La présente traduction en français a été effectuée à partir du
> texte anglais.
> 
>  
> 
> 2ten Deel
> 
> Déi Verbuerge Wierder vum Bahá’u’lláh, aus dem
> Perseschen
> 
>  
> 
> Am Numm vum Här vun der
> Sprooch, Dee Mächtegen
> 
> 1. O MËNSCHE MAT VERSTAND FIR
> ZE VERSTOEN AN OUERE FIR ZE HÉIEREN!
> 
> Den éischte Ruff vum Beléiften
> ass deen hei: O mystesch Nuechtegailchen! Verbleif néierens ausser am
> Rousegaart vum Geescht: O Buet vum Salomo vun der Léift! Sich keen Ënnerdach
> ausser am Saba vum Villbeléiften. O du onstierfleche Phönix! Looss dech
> néierens nidder ausser um Bierg vun der Trei. Do ass deng Wunneng, wann s du, op
> de Flillecke vun denger Séil zum Räich vum Onendleche flitts a versichs, däin
> Zil z’erreechen.
> 
> ¹ vgl. Qur'an 27:15-44; 34:15
> 
> 2 . O JONG VUM GEESCHT!
> 
> De Vugel sicht säin Nascht,
> d’Nuechtegailchen de Charme vun der Rous; d’Häerzer vun de Mënschen awer si wéi
> Vigel, déi sech, zefridde mat vergänglechem Stëbs, vun hirem éiwegen Nascht
> veriert hunn. Hir Aen op de Mouer vun der Uechtlosegkeet geriicht, hu si sech
> der Herrlechkeet vun der gëttlecher Presenz entzunn. O, wéi komesch an traureg;
> wéinst engem Becher hu si sech ewech gedréit vun de grousse Miere vum
> Allerhéchsten a bleiwe wäit ewech vum stralendsten Horizont.
> 
> 3. O FRËND!
> 
> Planz näischt ausser der Rous
> vun der Léift an de Gaart vun dengem Häerz a looss d’Nuechtegailche vun der grousser
> Sympathie a vum Begieren net aus dengem Grëff. Hal den Ëmgank mat de Gerechten
> an Éier an hal dech ewech vun der Gesellschaft vun den Ongleewegen.
> 
>  
> 
> 4. O JONG VUN DER
> GERECHTEGKEET!
> 
> Wou kann een, dee verléift ass
> goen, wann net an d’Land vun deem, deen hie gär huet? A wien, deen  op der Sich
> ass, géif Rou fannen, wäit ewech vum Verlaangere vu sengem Häerz? Fir deen, dee
> wierklech gär huet, ass d’Vereenegung d’Liewen an d’Trennung den Doud. Seng
> Broscht kennt keng Gedold a säin Häerz huet kee Fridden. Dausend Liewe géif
> hien hierginn, fir séier an d'Wunneng bei deen, deen hie gär huet, ze kommen.
> 
>  
> 
> 5. O JONG VUM STËBS!
> 
> A Wierklechkeet soen Ech dir:
> Vun all de Mënschen ass deen am noléissegsten, deen ëmsoss streit a probéiert,
> sech iwwert säi Brudder z’erhiewen. So: O Bridder! Loosst Doten, net Wierder är
> Garnitur sinn!
> 
>  
> 
> 6. O JONG VUN DER ÄERD!
> 
> Sief der bewosst: En Häerz, an
> deem nach déi klengste Spur vun Näid bleift, soll nimools Mäin éiwegt Räich
> erreechen, an nimools déi séiss Parfume vun der Hellegkeet anootmen, déi aus
> Mengem hellege Räich kommen.
> 
>  
> 
> 7. O JONG VUN DER LÉIFT!
> 
> Du bass nëmmen ee Schrëtt ewech
> vun den herrlechen Héichten iwwert dir a vum himmlesche Bam vun der Léift. Maach
> dëse Schrëtt, a mat deem nächste komm eran an d’Räich vun der Onstierflechkeet
> an an d’Zelt vun der Éiwegkeet. Lauschter dann deem no, wat d’Fieder vun der
> Herrlechkeet offenbaart huet.
> 
>  
> 
> 8. O JONG VUN DER HERRLECHKEET!
> 
> Tommel dech um Wee vun der
> Hellegkeet a komm eran an den Himmel vun der Gemeinschaft mat Mir. Rengeg däin
> Häerz mat der Flam vum Geescht a géi séier an den Haff vum Allerhéchsten.
> 
>  
> 
> 9. O VERGÄNGLECHE SCHIET!
> 
> Looss déi niddreg Stufe vum
> Zweiwel hannert dir an erhief dech zu den erhuewenen Héichte vun der
> Gewëssheet. Maach d’A vun der Wourecht op, fir dass du déi onverschleiert
> Schéinheet kucke kanns an ausriffs: Geseent ass den Här, de beschte vun alle
> Schëpfer!
> 
>  
> 
> 10. O JONG VUN DER LEIDENSCHAFT!
> 
> Lauschter
> no:  Stierflech Ae wäerten nimools déi éiweg Schéinheet erkennen, an en
> Häerz ouni Liewen erfreet sech nëmmen un enger wielecher Bléi. Well Gläiches
> sicht Gläiches, a gesellt sech gär zou eneen. 
> 
>  
> 
> 11. O JONG
> VUM STËBS!
> 
> Gëff blann,
> fir dass du Meng Schéinheet gesi kanns; gëff daf, fir dass du déi duuss Melodië
> vu Menger Stëmm héiere kanns; maach dech eidel vun allem Wëssen, fir dass du u
> Mengem Wëssen deelhuele kanns, a rengeg dech vu Räichtëmer, fir dass du aus dem
> Mier vu Mengem éiwege Räichtum e bleiwenden Undeel kréie kanns. Gëff blann, dat
> heescht fir alles ausser Menger Schéinheet. Gëff daf fir alles ausser Mengem
> Wuert; maach dech eidel vun allem Wëssen ausser Mir; sou dass du mat klorer
> Siicht, rengem Häerz an opmierksamem Ouer an den Haff vu Menger Hellegkeet
> erakomme kanns.
> 
>  
> 
> 12. O
> MËNSCH MAT ZWOU VISIOUNEN!
> 
> Maach een A
> zou an dat anert op. Maach eent zou virun der Welt an allem, wat dran ass, a
> maach dat anert op fir déi gehellegt Schéinheet vum deem, dee jidderee gär
> huet.
> 
>  
> 
> 13. O MENG
> KANNER!
> 
> Ech fäerten,
> dass dir, wann dir d’Lidd vun der Himmelsdauf net héiert, am Schiet vu vëllegem
> Vergiessen ënnergitt an ouni jeemols op d’Rous vun der Schéinheet ze kucken,
> nees zu Waasser a Stëbs gitt.
> 
>  
> 
> 14. O FRËNN!
> 
> Gitt déi éiweg Schéinheet net
> op fir eng Schéinheet, déi stierwe muss, an hänkt äert Häerz net un dës
> stierflech Welt aus Stëbs.
> 
>  
> 
> 15. O JONG
> VUM GEESCHT!
> 
> D’Zäit
> kënnt, wou d’Nuechtegailche vun der
> Hellegkeet d’Essenz vun de Geheimnisser net méi opdeckt, an dir ouni déi
> himmlesch Melodien an déi gëttlech Stëmm sidd..
> 
> 16. O
> ESSENZ VUN DER NOLÉISSEGKEET!
> 
> Myriade vu
> mysteschen Zonge fannen hiren Ausdrock an enger Ried, a Myriade vu verstoppte
> Geheimnisser ginn an enger eenzeger Melodie offenbaart; mee, O mei, et ass keen
> Ouer do fir ze héieren, a keen Häerz do fir ze verstoen.
> 
>  
> 
> 17. O
> KOMERODEN!
> 
> D'Paarten,
> déi sech fir dat Éiwegt opmaachen, sti grouss op, an d'Wunneng vum Beléiften
> ass gekleet mam Blutt vun deenen, déi gär hunn, awer all, bis op e puer bleiwe
> vun dëser himmlescher Stad ausgeschloss a souguer vun deene puer, ass nëmmen eng
> winzeg Handvoll mat rengem Häerz a gehellegtem Geescht fonnt ginn.
> 
>  
> 
> 18. O DIR BEWUNNER VUM HÉCHSTE
> PARADÄIS!
> 
> Verkënnegt de Kanner vun der
> Gewëssheet, dass an de Räicher vun der Hellegkeet, no beim himmlesche Paradäis,
> en neie Gaart erschéngen ass, ëm deen d’Awunner vum Räich vun der Héicht an déi
> Onstierflech, déi am erhuewene Paradäis wunnen, kreesen. Beméit iech also, dass
> dir dëse Rang kritt, fir aus sengen Anemonen d’Mysterië vun der Léift
> z’enträtselen an aus sengen éiwege Friichten d’Geheimnis vu gëttlecher, vollkommener
> Wäisheet z’erkennen. Getréischt sinn d’Ae vun deenen, déi erakommen an dobanne
> wunnen!
> 
>  
> 
> 19. O MENG FRËNN!
> 
> Hutt dir de wierklechen a
> stralende Muere vergiess wou dir alleguer a Menger Presenz vereent waart,
> ënnert dem Schiet vum Liewensbam, deen am allherrleche Paradäis geplanzt ass?
> Mat vill Respekt hutt dir gelauschtert, wéi Ech dës dräi héichhelleg Wierder
> geschwat hunn: O Frënn! Zitt net äre Wëlle Mengem vir, wënscht iech nimools dat,
> wat Ech net fir iech gewënscht hunn, a begéint Mir net mat engem Häerz ouni
> Liewen, beschmotzt mat weltleche Wënsch a Begierden. Wéilt dir nëmmen är Séilen
> helleg maachen, géift dir iech direkt un dës Plaz an dës Ëmgéigend erënneren,
> an d’Wourecht vu Menger Ried wier iech dann alleguer kloer.
> 
>  
> 
> 20. An der aachter Zeil vun den
> hellegsten Zeilen, op der fënnefter Tafel vum Paradäis, seet Hien:
> 
> O DIR, DÉI DIR WÉI DOUT OP DER
> COUCHE VUN DER NOLÉISSEGKEET LEIT! 
> 
> Jorhonnerte si vergaangen an är
> wäertvoll Liewe si bal eriwwer, awer nach keen eenzege rengen Hauch ass vun
> iech bis bei Eisen Haff vun der Hellegkeet komm. Obwuel dir am Mier vum Onglawen
> ënnergaange sidd, bekennt dir awer mat de Lëpsen deen eenzegen, richtege Glawen
> u Gott. Deen, deen Ech haassen, hutt dir gär, a Mäi Feind hutt dir zum Frënd gemaach.
> Trotz allem trëppelt dir op Menger Äerd, houfreg an zefridde mat iech selwer,
> ouni ze mierken, dass Meng Äerd ärer iwwerdrësseg ass, an dass alles sech vun
> iech ewechhält. Wéilt dir nëmmen är Aen opmaachen, géift dir a Wierklechkeet
> dausend Leiden dëser Freed virzéien, a géift souguer den Doud selwer dësem
> Liewe virzéien.
> 
>  
> 
> 21. O FORM AUS STËBS, DÉI SECH
> BEWEEGT!
> 
> Ech wënsche Gemeinschaft mat
> dir, du awer hues kee Vertrauen a Mech. D’Schwäert vun denger Rebellioun huet
> de Bam vun denger Hoffnung ëmgehaen. Zu allen Zäite sinn Ech no bei dir, mee du
> bass ëmmer wäit ewech vu Mir. Onvergänglech Herrlechkeet hunn Ech fir dech
> gewielt, awer fir dech selwer hues du Erniddregung ouni Grenze gewielt., sou
> laang nach Zäit ass, komm erëm a verpass deng Chance net.
> 
> 22. O JONG
> VUN DER LEIDENSCHAFT!
> 
> Déi
> Geléiert and déi Weis hu jorelaang ëmsoss probéiert, d’Presenz vum
> Allherrlechen z’erreechen; si hunn hiert Liewen domat verbruecht, no Him ze
> sichen, an awer hu si d’Schéinheet vu Sengem Gesiicht net gesinn. Du, ouni dee
> geréngsten Effort, hues däin Zil erreecht, an ouni ze sichen, hues du d’Zil vun
> Denger Sehnsucht fonnt. Trotz allem bloufs du sou am Schleier vum Egoismus
> agewéckelt, dass deng Aen d’Schéinheet vun deem, deen ee gär huet, net gesinn
> hunn, an deng Hand de Sam vu Sengem Kleed net beréiert huet. Dir, déi dir Aen
> hutt, kuckt a wonnert iech.
> 
> 23. O
> AWUNNER AN DER STAD VUN DER LÉIFT!
> 
> Déidlech
> Stierm bedrängen déi éiweg liichtend Käerz, an d’Schéinheet vum himmlesche
> Jugendlechen ass zougedeckt an der Däischtert vum Stëbs. Den héchste Kinnek vun
> der Léift gëtt ënnerdréckt vum Vollek vun der Tyranei, an d’Dauf vun der
> Herrlechkeet läit gefaangen an de Kralle vun Eilen. D’Awunner am Zelt vun der
> Herrlechkeet an déi himmlesch Versammlung kräischen a kloen, während dir am
> Land vun der Noléissegkeet rout an iech awer nach zu den richtege Frënn zielt. Wéi eidel sinn är Virstellungen!
> 
> 24. O DIR
> DABOEN, DÉI DIR ALS VERSTÄNNEG GËLLT!
> 
> Firwat
> huelt dir den Uschäin vun Hierden, wann dir dach ënnerlech zu Wëllef gouft, déi
> et op Meng Häerd ofgesinn hunn? Dir sidd sou wéi de Stär, deen opgeet ier et
> Dag gëtt, an deen, wéi wann en hell a stralend wier, d’Pilger vu Menger Stad an
> d’Ir féiert an op d’Weeër vum Verdiewen. 
> 
> 25. O DIR, DÉI DIR DEM SCHÄIN
> NO SCHÉI SIDD, MEE BANNENDRA FAUL!
> 
> Dir sidd wéi rengt awer battert
> Waasser, dat  kristallkloer ausgesäit, vun deem awer bei der Prouf vum
> gëttleche Préiwer net eng Drëps akzeptéiert gëtt. Jo de Sonnestral fällt genee
> sou op de Stëbs wéi op de Spigel, mee an hirer Spigelung ënnerscheede si sech
> wéi de Stär vun der Äerd: neen, onermiesslech ass den Ënnerscheed!
> 
>  
> 
> 26. O MÄI FRËND DEM WUERT NO!
> 
> Denk e bëssen no. Hues du jee
> héieren, dass Frënd a Feind am selwechten Häerz wunnen? Da verdreif de Friemen,
> fir dass de Frënd a Seng Wunneng komme kann.
> 
>  
> 
> 27. O JONG VUM STËBS!
> 
> Alles am Himmel an op der Äerd
> hunn Ech fir dech bestëmmt, ausser dem Häerz vum Mënsch, dat Ech zur Wunneng vu
> Menger Schéinheet a Menger Herrlechkeet gemaach hunn; awer du hues Meng Wunneng
> a Mäin Doheem engem Anere wéi Mir ginn; an all Kéier, wann den Offenbarer vu
> Menger Hellegkeet Säin eegent Haus gesicht huet, huet Hien do e Frieme fonnt
> an, ouni Ënnerdach, ass Hie séier zréckgaang zum Hellegtem vum Beléiften.
> Trotzdeem hunn Ech Mäi Geheimnis verstoppt an hunn deng Schan net gewënscht.
> 
>  
> 
> 28. O ESSENZ VUM VERLAANGEN!
> 
> Wéi oft koum Ech mueres fréi
> aus de Räicher vum Onendlechen an deng Wunneng an hunn dech um Bett fonnt wou s
> de dech ausgerout hues, beschäftegt mat anere wéi mat Mir. Dorops hinn, sou wéi
> e Blëtz vum Geescht, sinn Ech zu de Räicher vun der himmlescher Herrlechkeet
> zréckgaang. Den Herschare vun der Hellegkeet a Mengem Himmel hunn Ech kee Wuert
> gesot.
> 
>  
> 
> 29. O JONG VUN DER GUTTHEET!
> 
> Aus de Wüste vum Näischt, mam
> Leem vu Mengem Gebot hunn Ech dech geformt. Ech hu fir deng Erzéiung all Atom,
> deen et gëtt an d’Essenz vun allen erschafene Saachen zur Hëllef geholl. Sou,
> éiers du aus denger Mamm hirem Schouss koums, hunn Ech fir dech zwou Quelle vun
> heller Mëllech bestëmmt, Ae fir iwwert dech ze waachen, an Häerzer fir dech gär
> ze hunn. Duerch Meng Guttheet, ënnert dem Schiet vu Mengem Erbaarmen, hunn Ech
> dech erzunn, an duerch d’Essenz vu Menger Gnod a Gonscht hunn Ech iwwert dech
> gewaacht. Dëst alles hunn Ech gemaach, fir dass du a Mäin éiwegt Räich kënns, a
> Mengen onsichtbare Geschenker wierdeg gëss. An awer bass du liichtfankeg
> bliwwen a wéi s du erwuesse goufs, hues du all Meng Gefällegkeete vernoléissegt
> an hues dech mat dengen onnëtze Virstellunge beschäftegt, op eng Manéier wou s
> du ganz vergiesserlech goufs an dech vum Portal vum Frënd ëmgedréit hues, fir
> dech am Haff vu Mengem Feind nidderzeloossen.
> 
> 30. O SKLAV VUN DER WELT!
> 
> Dacks ass den Hauch vu Menger
> Guttheet mueres iwwert dech komm an huet dech, am Schlof, um Lager vun der
> Oniwwerluechtheet fonnt. Voller Tréinen iwwert däin Zoustand goung en zréck,
> duer, vu wou e komm war.
> 
>  
> 
> 31. O JONG VUN DER ÄERD!
> 
> Wann s du Mech begiers, sich
> keen ausser Mir. Wëlls du Meng Schéinheet kucken, da maach deng Aen zou virun
> der Welt an allem, wat dran ass. Well Mäi Wëllen an de Wëlle vun engem anere
> wéi mir, si sou wéi Feier a Waasser; si kënnen net zesummen an engem Häerz
> wunnen.
> 
>  
> 
> 32. O FRIEMEN, DEEM FRËNDSCHAFT
> ERWISE GËTT!
> 
> D’Käerz vun dengem Häerz ass
> duerch d’Hand vu Menger Muecht ugefaang ginn, läsch si net mat deem entgéintgesate
> Wand vum Egoismus an der Leidenschaft. Menger ze gedenken ass d’Heelung vun all
> denge Krankheeten, vergiees et net. Maach Meng Léift zu Dengem Schaz a sief
> frou domat, sou wéi mat dengen eegenen Aen an dengem eegene Liewen.
> 
> 33. O MÄI BRUDDER!
> 
> Lauschter op déi léif Wierder
> vu Mengem Zockermond an drénk de Floss vun der mystescher Hellegkeet a groussen
> Zich vu Menge séisse Lëpsen. Séi de Som vu Menger gëttlecher Wäisheet an de renge
> Buedem vun dengem Häerz an nätz e mam Waasser vun der Gewëssheet, fir dass an
> der gehellegter Stad vun dengem Häerz d’Hyazinte vu Menger Erkenntnes a
> Wäisheet frësch a gréng wuesse kënnen.
> 
>  
> 
> 34. O BEWUNNER VU MENGEM PARADÄIS!
> 
> Mat Menge guttmiddegen Hänn hunn
> Ech am hellege Gaart vum Paradäis de jonke Bam vun ärer Léift a Frëndschaft
> geplanzt an hunn e genätzt mat den erfrëschende Reeschauere vu Menger zäertlecher
> Gnod; elo, wou e Friichte brénge soll, beméit iech, dass e geschützt gëtt an
> dass en net mat der Flam vum Pleséier an der Leidenschaft verziert gëtt.
> 
> 35. O MENG FRËNN!
> 
> Läscht d’Luucht vum Iertum a
> fänkt an ärem Häerz d’éiwegt Feier  vun der gëttlecher Féierung un. Well
> geschwë wäerten d’Préiwer vun der Mënschheet an der helleger Presenz vum
> Ugebieten näischt méi unhuelen ausser där rengster Dugend an onbefleckten
> Doten.
> 
> 36. O JONG VUM STËBS!
> 
> Déi Weis sinn déi, déi net
> schwätzen éier si Gehéier fannen, sou wéi de Mondschenk säi Kielech net reecht,
> bis hien ee fonnt huet deen duuschtereg ass, an deen, dee gär huet net aus
> senger déifster Séil rifft, bis hien d’Schéinheet vun deem gesäit, deen hie gär
> huet. Dofir séi d’Käre vun der Wäisheet an der Erkenntnes an de renge Buedem
> vum Häerz an hal se verstoppt, bis d’Hyazinte vun der gëttlecher Wäisheet aus
> dem Häerz, an net aus dem Bulli a Leem, opginn.
> 
>  
> 
> An der éischter Zéil vun der
> Tafel ass folgendes opgezeechent an niddergeschriwwen, a verstoppt am Hellegtum
> vum Tabernakel vu Gott:
> 
>  
> 
> 37. O MÄIN DÉNGER! 
> 
> Gëff déi éiweg Herrschaft net
> op fir eppes Vergängleches, a verwerf net déi himmlesch Souveränitéit fir en ierdescht
> Verlaangen. Dat hei ass de Floss vum éiwege Liewen, deen aus der Urquell vun
> der Fieder vum Allbaarmhäerzege fléisst. Glécklech déi,
> déi doraus drénken.
> 
> 38. O JONG VUM GEESCHT!
> 
> Zerbriech däi Käfeg a wéi de
> Phönix vun der Léift, erhief dech an den Himmel vun der Hellegkeet. Entso
> dengem Ech an, erfëllt mam Geescht vun der Gnod, bleif am Räich vun der himmlecher
> Hellegkeet.
> 
> 39. O OFLEEËR VUM STËBS!
> 
> Sief net zefridde mat der
> Liichtegkeet vun engem Dag dee vergeet, an enthal dech net der éiweger Rou.
> Tausch net de Gaart vun éiweger Freed mam Koup Stëbs vun enger stierflecher
> Welt. Erhief dech aus dengem Prisong an déi herrlech Gäert vum Himmel a fléi
> aus dem vergängleche Käfeg an d’Paradäis vum Onendlechen.
> 
> 40. O MÄIN DÉNGER!
> 
> Maach dech fräi vun de Kette
> vun dëser Welt a maach deng Séil fräi vum Prisong vum Ech. Ergräif
> d’Geleeënheet, well si kënnt ni méi erëm.
> 
>  
> 
> 41. O JONG VU MENGER MOD!
> 
> Géifs du dat éiwegt Räich
> gesinn, da géings du dech beméien, fir vun dëser vergänglecher Welt fortzekommen.
> Mee dir dat eent ze verstoppen an dat anert ze weisen ass
> e Geheimnis dat nëmmen déi verstinn, déi e rengt Häerz hunn.
> 
> 42. O MÄIN DÉNGER!
> 
> Rengeg däin Häerz vu Béisheet a,
> fräi vun Näid, komm eran an den himmleschen Haff vun der Hellegkeet.
> 
> 43. O MENG FRËNN!
> 
> Gitt op de Weeër, déi dem Frënd
> gutt gefalen, a sidd iech bewosst, dass Säi Pleséier de Pleséier vu Senge
> Kreaturen ass. Dat heescht: Kee soll an d’Haus vu sengem Frënd eragoen ausser
> mat sengem Accord, oder d’Hänn op seng Schäz leeën oder säin eegene Wëllen iwwert
> dee vu sengem Frënd stellen, an ënner kengen Ëmstänn versichen, vun him ze
> profitéieren. Denkt doriwwer no, dir, déi dir e klore Bléck hutt!
> 
> 44. O KOMEROD VU MENGEM TROUN!
> 
> Lauschter näischt Schlechtes a
> kuck näischt Schlechtes, erniddreg dech net, keim net a kräisch net. Schwätz
> näischt Schlechtes, fir dass du näischt Schlechtes héiers a vergréisser
> d’Feeler vun deenen aneren net, fir dass deng eege Feeler net grouss
> erschéngen. Wënsch kengem Mënsch Erniddregung fir dass deng eegen Erniddregung
> net bekannt gëtt. Lief dann d’Deeg vun dengem Liewen, déi manner si wéi e
> flüchtege Moment, mat engem renge Geescht, engem onbefleckten Häerz, renge
> Gedanken, an engem  gehellegte Wiesen, fir dass du, fräi an zefridden, dës
> stierflech Form ewechleeë kanns an an dat mystescht Paradäis goen a fir ëmmer
> am éiwege Kinnekräich wunne kanns. 
> 
>  
> 
> 45. LEIDER, LEIDER, O DIR, DÉI
> DIR VUN IERDESCHE WËNSCH GEDRIWWE GITT!
> 
> Sou séier wéi de Blëtz sidd dir
> laanscht Dee gaangen, deen dir gär hutt, an hutt är Häerzer un däiwelzeg
> Fantasië gehaangen. Dir knéit iech virun ären eidele Virstellungen an nennt si
> d’Wourecht. Dir dréit är Aen dem Dar zou an nennt en eng Blumm. Kee rengen
> Hauch goung vun iech fort a keng Lëftche vun der Lassléisung koum vum Bongert
> vun ären Häerzer. Dee léiwe Rot vun Deem, deen dir gär hutt, hutt dir an de
> Wand geschloen an dir hutt Hie ganz vun der Tafel vun ärem Häerz gewëscht. A
> wéi d’Béischten um Feld verbréngt dir är Existenz op der Weed vum Verlaangen an
> der Leidenschaft.
> 
> 46. O BRIDDER OP DEM WEE!
> 
> Firwat hutt dir et ënnerlooss, Deen
> ze ernimmen, deen dir gär hutt, a firwat sidd dir ewechbliwwe vu Senger
> helleger Presenz? D’Essenz vun der Schéinheet ass am onvergläichlechen Zelt, um
> Sëtz vun der Herrlechkeet, dir dogéint beschäftegt iech mat sënnlosem Sträit.
> Déi séiss Dëft vun der Hellegkeet stréimen an den Hauch vun der Generositéit
> bléist, awer dir alleguer hutt iech deem virenthalen an dir lieft an engem
> Misär, deen uerg wéi deet. Schued fir iech a fir déi, déi op äre Weeër ginn an
> äre Spuren noginn!
> 
> 47. O KANNER VUN DER
> LEIDENSCHAFT!
> 
> Leet d’Gezei vun der eideler
> Herrlechkeet ewech a maacht iech fräi vum Kleed vun der Arroganz.
> 
>  
> 
> Op der drëtter vun der
> hellegster Zeil, déi vun der Fieder vum Onsichtbaren op d’rubinrout Tafel
> niddergeschriwwen an opgezeechent gouf, gëtt offenbaart:
> 
>  
> 
> 48. O BRIDDER!
> 
> Sidd net ze streng ee mat deem aneren an hängt äert Häerz net
> un dës Welt. Sidd net houfreg an ärer Herrlechkeet a schummt iech net virun der
> Erniddregung. Bei Menger Schéinheet! Aus Stëbs hunn Ech all Saachen erschaf an dem
> Stëbs wäert Ech se nees zréckginn.
> 
>  
> 
> 49. O KANNER VUM STËBS!
> 
> Erzielt deene Räiche vun de
> Mëtternuechtskloe vun den Aarmen, fir dass net Liichtfankegkeet si op de Wee
> vun der Zerstéierung féiert a si vum Bam vum Räichtum ewechhält. Ginn a sech
> generéis weise si Meng Zeechen. Wuel deem, dee sech mat Mengen Dugende kleet.
> 
> 50. O QUINTESSENZ VUN DER
> LEIDENSCHAFT!
> 
> Lee all deng Gurmangzegkeet nidder
> a sich Zefriddenheet; well deem Gurmangzege feelt ëmmer eppes, a mat deem
> Zefriddene war een nach ëmmer frou an et huet een hien nach ëmmer gelueft.
> 
>  
> 
> 51. O JONG VU MENGER MOD!
> 
> Sief net besuergt an der Aarmutt
> nach selbstsécher am Räichtum, well no der Aarmutt kënnt Räichtum an nom
> Räichtum kënnt Aarmutt. Awer aarm sinn an allem ausser a Gott  ass e
> wonnerbaren Don, setz de Wäert dovun net erof, well zum Schluss mécht en dech
> räich a Gott an da verstees du d’Bedeitung vum Vers: „Wierklech, dir sidd déi
> Aarm“  an déi helleg Wierder „Gott ass deen, deem alles gehéiert“ liichte wéi
> dee richtege Mueren herrlech stralend um Horizont vu sengem Häerz op an du bleifs
> sécher um Troun vum Räichtum.
> 
> ¹ Qur'an 35:15
> 
> 52. O KANNER VUN DER
> NOLÉISSEGKEET AN DER LEIDENSCHAFT!
> 
> Dir hutt Mäi Feind a Mäin Haus
> eragelooss, a Mäi Frënd hutt dir erausgehäit, well an är Häerzer hutt dir
> d’Léift vun engem anere wéi Mir eragelooss. Lauschtert de Wierder vum Frënd no
> an dréit iech zu sengem Paradäis. Weltlech Frënn, déi hiren eegene Virdeel
> sichen, schéngen sech een deen anere gär ze hunn, awer dee richtege Frënd hat
> iech gär an huet iech gär wéinst ärer; a Wierklechkeet, fir iech ze féieren,
> huet Hien onzielbar Leiden erdroen. Sidd sou engem Frënd géintiwwer net ontrei,
> neen, gitt séier bei Hien. Sou ass d’Wuert vun der Wourecht an der Trei, dat
> sech wéi d’Mueressonn um Horizont vun der Fieder vum Här vun allen Nimm erhuewen
> huet. Maacht är Oueren op fir dass dir d’Wuert vum Härgott héiere kënnt, vun Deem,
> deen an der Gefor hëlleft, vun Deem, deen duerch sech selwer ass.
> 
>  
> 
> 53. O DIR, DÉI DIR IECH MAT
> VERGÄNGLECHE RÄICHTËMER BRETZT!
> 
> A Wierklechkeet sidd iech
> bewosst, dass Räichtum eng mächteg Barrière ass tëschent deem, dee sicht, a
> sengem Verlaangen, deem, dee gär huet, a sengem Allerléifsten. Déi Räich,
> ausser e puer, erreechen op kee Fall den Haff vu senger Presenz, nach komme si an
> d’Stad vun der Zefriddenheet an der Resignatioun eran. Gutt steet et ëm deen,
> dee räich ass, deem säi Räichtum hie weder vum éiwege Kinnekräich nach vun der
> onvergänglecher Herrlechkeet ofhält! Beim Gréissten Numm! De Glanz vu sou engem
> räiche Mann erliicht d’Bewunner am Himmel sou wéi d’Sonn d’Leit vun
> der Äerd erliicht!
> 
> 54. O DIR RÄICH OP DER ÄERD!
> 
> Déi Aarm an ärer Mëtt si Mäin
> Dépôt; Passt op Mäin hellegen Dépôt op a beschäftegt iech net nëmmen domat,
> dass et iech gutt geet.
> 
>  
> 
> 55. O JONG VUN DER
> LEIDENSCHAFT!
> 
> Rengeg dech vum Stëbs vu Räichtemer
> an a vollkommenem Fridden géi an an d’Räich vun der Aarmutt; fir dass du vun
> der Quell vun der Lassléisung de Wäi vum éiwege Liewen drénke kanns.
> 
>  
> 
> 56. O MÄI JONG!
> 
> D’Gesellschaft vun den
> Ongleewege vergréissert d’Leed, während d’Gemeinschaft mat de Gerechten de
> Rascht vum Häerz ewechhëlt. Deen, dee mat Gott kommunizéiere wëll, dee soll
> Zuflucht siche bei deenen, déi frou si mat Him; an deen, deen d’Wuert vu Gott
> héiere wëll, dee soll de Wierder vu Sengen Auserwielten nolauschteren.
> 
> 57. O JONG VUM STËBS!
> 
> Pass op! Verkéier net mam
> Ongleewegen a sich seng Gesellschaft net, well sou en Ëmgank ännert d’Ausstralung
> vum Häerz an d’Feier vun der Hell.
> 
>  
> 
> 58. O JONG VU MENGER MOD!
> 
> Wanns du d’Gnod vum Hellege
> Geescht sichs, da komm eran an d’Gemeinschaft mam Gerechten, well hien huet
> d’Coupe vum éiwege Liewen aus der Hand vum onstierfleche Mondschenk gedronk, a
> sou wéi de wierkleche Mueren belieft an erliicht hien d’Häerzer vun den
> Doudegen. 
> 
> 59. O DIR, DÉI DIR NOLÉISSEG
> SIDD!
> 
> Mengt net, dass
> d’Geheimnisser vun den Häerzer verstoppt sinn; neen, sidd iech mat Sécherheet
> bewosst, dass si an däitlechen Zeechen agemeesselt sinn an an der helleger Presenz
> kloer sichtbar sinn.
> 
>  
> 
> 60. O FRËNN!
> 
> A Wierklechkeet soen Ech, alles
> wat dir an ären Häerzer verstoppt hutt, ass fir Eis kloer an evident wéi den
> Dag, mee dass et verstoppt ass, ass Eis Gnod a Gonscht an net äre Verdéngscht.
> 
> 61. O JONG VUM MËNSCH!
> 
> Eng Dadrëps aus dem
> onerschëpfleche Mier vu Mengem Erbaarmen hunn Ech op d’Vëlker vun der Äerd fale
> gelooss, hunn awer kee fonnt, dee se beuecht huet, well jidderee sech vum himmlesche
> Wäi vun der Eenheet ewechgedréit huet fir sech dem faule Knascht vun deem, wat
> net reng ass, zouzedréien. An zefridde mam stierfleche Becher hu si d’Coupe vun
> der onstierflecher Schéinheet ewech gestallt. Aarmséileg
> ass dat, woumat ee sech zefridde gëtt.
> 
>  
> 
> 62. O JONG VUM STËBS!
> 
> Dréi deng Aen net ewech vum
> onvergläichleche Wäi vum Onstierflechen, dee Mir gär hunn, a maach si net op
> fir faulen a stierfleche Saz . Huel aus
> den Hänn vum gëttleche Mondschenk d’Coupe vum onstierfleche Liewen, fir dass
> all Wäisheet deng gëtt a fir dass du déi mystesch Stëmm aus dem Räich vum
> Onsichtbare ruffen héiers. Jäizt, dir, déi dir niddregen Ziler zoustrieft!
> Firwat hutt dir léiwer vergänglecht Waasser wéi Mäin hellegen, onvergängleche
> Wäin?
> 
> 63. O DIR VËLKER VUN DER ÄERD!
> 
> A Wierklechkeet sidd iech
> bewosst, dass eng onerwaart Kalamitéit iech verfollegt an dass iech eng uerg
> Strof erwaart. Mengt net, dass dat, wat dir gemaach hutt aus Menger Siicht
> geläscht gouf. Bei Menger Schéinheet! All är Doten huet Meng Fieder mat klore
> Buchstawen op Tafele vu Chrysolith gravéiert. 
> 
>  
> 
> 64. O DIR ËNNERDRÉCKER OP DER
> ÄERD!
> 
> Huelt är Hänn ewech vun der
> Tyranei, well Ech hu Mir versprach, kengem Mënsch seng Ongerechtegkeet ze
> verzeien. Dat ass Meng Allianz, déi Ech onwidderrufflech op der preservéierter
> Tafel beschloss a mat Mengem Sigel besigelt hunn.
> 
>  
> 
> 65. O DIR REBELLEN!
> 
> Meng Gnod huet iech kéng
> gemaach; Meng Gedold huet iech noléisseg gemaach op sou eng Aart a Weis,  dass
> dir elo op dem feierege Krichspäerd vun der Leidenschaft reit, op geféierleche
> Weeër, déi an d’Verdierwe féieren. Hutt dir geduecht, Ech wier liichtsënneg
> oder onwëssend?
> 
>  
> 
> 66. O DIR AUSWANDERER!
> 
> D’Zong hunn Ech dozou bestëmmt,
> Mech z’ernimmen, besuddelt si net doduerch, dass dir anerer erofmaacht. Wann
> d’Feier vum Ech iech iwwerkënnt, erënnert iech un är eege Feeler an net un
> d’Feeler vu Menge Kreaturen, well jo jidderee vun iech sech selwer besser kennt
> wéi déi aner.
> 
>  
> 
> 67. O KANNER VUN DER ABILDUNG!
> 
> A Wierklechkeet, sidd iech
> bewosst dass, an där Zäit wou den helle stralende Mueren um Horizont vun éiweger
> Hellegkeet ubrécht, déi satanesch Heemlechkeeten an Doten, déi  an der
> Däischtert vun der Nuecht gemaach ginn, virun de Vëlker vun der Welt opgedeckt
> an duergeluecht ginn.
> 
>  
> 
> 68. O ONKRAUT, DAT AUS DEM
> STËBS WIISST!
> 
> Wéi ass et, dass deng knaschteg
> Hänn net fir d’éischt däin eegent Kleed beréiert hunn a firwat versichs du, mat
> Mir ze kommunizéieren an a Mäin hellegt Räich eranzekommen, obschonn däin Häerz
> vu Loscht a Leidenschaft beschmotzt ass? Wäit, wäit sidd dir vun deem ewech,
> wat dir iech wënscht.
> 
>  
> 
> 69. O KANNER VUM ADAM!
> 
> Helleg Wierder a reng a gutt
> Doten erhiewe sech zum Räich himmlecher Herrlechkeet. Strieft, dass är Wierker
> gerengegt si vum Stëbs vum Egoismus an der Schäinhellegkeet an am Haff vun der
> Herrlechkeet ugeholl ginn; well geschwë huelen d’Préiwer vun der Mënschheet an
> der helleger Presenz vum Ugebieten nëmmen nach absolutt Dugend an onbeflekt
> Rengheet un. Dat ass d’Sonn vun der Wäisheet a vum gëttleche Geheimnis, déi
> iwwert dem Horizont vum gëttleche Wëlle geschéngt huet. Geseent sinn déi, déi sech hir zoudréien.
> 
>  
> 
> 70. O JONG VUN DER
> LIICHTSËNNEGKEET!
> 
> Agreabel ass d’Räich vun der
> Existenz, wann s du et erreechs; herrlech ass d’Gebitt vun der Éiwegkeet, solls
> du dech iwwert dës stierflech Welt erhiewen! Séiss ass déi helleg Extas, wann s
> du vum mystesche Kielech aus den Hänn vum himmlesche Jüngling drénks. Sollts du
> dës Stuf erreechen, wäerts du fräi si vun Zerstéierung an Doud, vun haarder
> Aarbecht a Sënn.
> 
>  
> 
> 71. O MENG FRËNN!
> 
> Erënnert iech un dëse Pakt, deen
> dir mat Mir um Bierg Paran am hellege Beräich vu Zaman gemaach hutt. Déi
> himmlesch Heerscharen an d’Awunner vun der Stad vun der Éiwegkeet hunn Ech als
> Zeie geholl, mee elo fannen Ech keen, deen dësem Pakt trei bleift. Mat
> Sécherheet hu Stolz a Rebellioun e sou vun den Häerzer ewechgewëscht, dass keng
> Spur dovun iwwreg bleift. Obschonn Ech dat wosst, hunn
> Ech gewaart an hunn et net bekannt gemaach.
> 
> 72. O MÄIN DÉNGER!
> 
> Du bass wéi e gutt gehäertent
> Schwäert, verstoppt an der Däischtert vu senger Scheed, a säi Wäert ass dem
> Kënschtler net bekannt. Dofir komm eraus aus der Scheed vum Egoismus an der
> Loscht, fir dass däi Wäert virun der ganzer Welt glënnert a kloer gëtt.
> 
> 73. O MÄI FRËND!
> 
> Du bass d’Sonn am Himmel vu
> Menger Hellegkeet, looss d’Verschmotzunge vun der Welt däi Glanz net
> verdonklen. Zerräiss de Schleier vun der Noléissegkeet, fir dass du hannert de
> Wolleke stralend erauskomme kanns an all Saache mam Gezei vum Liewe kleede
> kanns.
> 
>  
> 
> 74. O KANNER VUN DER
> GROUSSAARTEGKEET!
> 
> Fir eng vergänglech Herrschaft
> hutt dir Mäin onvergänglecht Räich opginn an iech mam lëschtege Kreemche vun
> der Welt gerëscht an iech domat gebretzt. Bei Menger Schéinheet! Iech alleguer
> wäert Ech ënnert der groer Decke vum Stëbs versammelen an iech all déi
> verschidde Faarwen ewechhuelen, ausser bei deenen, déi Meng Faarf wielen, a si
> ass gerengegt vun all Faarf.
> 
> 75. O KANNER VUN DER NOLÉISSEGKEET!
> 
> Hängt äert Häerz net un eng
> Herrschaft, déi vergeet, an erfreet iech hirer net. Dir gläicht dem onvirsiichtege
> Vugel, dee voll Vertrauen an den Äscht zwitschert, bis op eemol de Vigelfänger
> vum Doud hien an de Stëbs geheit an d’Melodien, d’Form an d’Faarf fort sinn,
> ouni eng Spur ze hannerloossen. Dofir gitt uecht, O Kniecht vum Verlaangen!
> 
>  
> 
> 76. O JONG VU MENGER MOD!
> 
> Féierung gouf et ëmmer duerch
> Wierder, an elo geschitt se duerch Wierker. Jidderee muss  Dote weisen déi reng
> an helleg sinn, well Wierder gehéiere jidderengem, awer Wierker wéi déi hei gehéieren
> nëmmen deenen, déi Mir gär hunn. Strieft duerfir mat Häerz a Séil, iech duerch
> Wierker auszezeechnen. Sou rode Mir iech op dëser helleger
> a stralender Tafel.
> 
>  
> 
> 77. O JONG VUN DER
> GERECHTEGKEET!
> 
> An der Nuecht huet sech déi
> onstierflech Schéinheet vun där smaragdener Héicht vun der Trei zum
> Sadratu‘l-Muntahá zréckgezunn an huet sou batter gekrasch, dass déi himmlesch
> Heerscharen an d’Awunner vun de Räicher do uewe virun hirem Gekloots gejéimert
> hunn. Dorops gouf gefrot, firwat dëst Jéimeren a Kräischen? Si huet geäntwert:
> Sou wéi Ech ugestallt gouf, hunn Ech mat Erwaardung um Hiwwel vun der Trei
> gewaart, hunn awer net de Parfum vun der Trei vun deenen, déi op der Äerd
> wunnen, ageotemt. Wéi Ech dunn zréckgeruff gouf, hunn Ech gekuckt an hu gesinn,
> wéi e puer Dauwe vun der Hellegkeet an de Kralle vun ierdeschen Hënn
> zerquëtscht waren. Doropshi koum d’Himmelsdéngerin liichtend an entschleiert
> séier aus hirer mystescher Wunneng eraus an huet no hiren Nimm gefrot, an all
> goufe se genannt ausser engem. A wéi Si insistéiert huet, gouf den éischte
> Buchstaf dovu gesot, wouropshinn d’Awunner vun den himmlesche Räim séier aus
> hirer Wunneng vun der Herrlechkeet koumen. A wéi den zweete Buschstaf
> ausgesprach gouf, si si all ouni Ausnam an de Stëbs gefall. An deem Moment
> konnt een eng Stëmm aus dem Fong vum Hellegtum héieren: „Bis heihinn an net
> weider!“ A Wierklechkeet bezeie Mir dat, wat si gemaach hunn an elo maachen.
> 
>  
> 
> 78. O JONG VU MENGER MOD!
> 
> Drénk vun de Lëpse vum
> Baarmhäerzegen de Floss vum gëttleche Geheimnis a betruecht vun der Quell vum
> gëttleche Wuert den entschleierte Glanz vun der Sonn vun der Wäisheet. Séi
> d’Somkäre vu Menger gëttlecher Wäisheet an de renge Buedem vum Häerz, an nätz
> si mam Waasser vun der Gewëssheet, fir dass d’Hyazinthe vum Wëssen an der
> Wäisheet, frësch a gréng an der helleger Stad vum Häerz, kënnen ufänken ze
> kommen.
> 
>  
> 
> 79. O JONG VUM VERLAANGEN!
> 
> Wéi laang nach wëlls du an de
> Sphäre vun der Loscht schwiewen? Flilleken hunn Ech dir gi fir an d’Räicher vu
> mystescher Hellegkeet ze fléien an net an d’Regioune vun diabolescher Virstellung.
> 
> E Kamp hunn Ech dir och ginn,
> fir dass du Meng schwaarz Krauselen an d’Rei maache kanns an net fir domat Mäin
> Hals ze zerräissen.[5]
> 
>  
> 
> 80. O MENG DÉNGER!
> 
> Dir sidd d’Beem vu Mengem
> Gaart. Dir musst gutt a wonnerbar Friichten droen, fir dass dir selwer an
> anerer dovun Notzen zéie kënnt. Dofir soll jidderee vun iech en Handwierk oder
> e Beruff ausüben, well doranner läit d’Geheimnis vum Räichtum, O Mënsche mat
> Verstand! Well d’Resultater hänke vun de Mëttelen of, an d’Gnod vu Gott soll
> iech voll a ganz duergoen. Beem, déi keng Friichten droen, ware schonn ëmmer a
> wäerten nach ëmmer fir d’Feier bestëmmt sinn. 
> 
>  
> 
> 81. O MÄIN DÉNGER!
> 
> Déi onwierdegst Mënsche sinn
> déi, déi op der Äerd keng Friichten droen. Sou Mënsche gi wierklech zu den
> Doudege gezielt, jo souguer déi Doudeg si besser viru Gott wéi dës liddereg,
> näischnotzeg Séilen.
> 
>  
> 
> 82. O MENG DÉNGER!
> 
> Déi bescht Mënsche sinn déi,
> déi hire Liewensënnerhalt duerch e Beruff verdéngen an hir Sue fir sech an hir
> Famill ewechginn, an der Léift zu Gott, dem Här vun alle Welten.
> 
>  
> 
> Déi mystesch a wonnerbar Braut, virdrun hannert dem Schleier vun der
> Ried verbuergen, gouf elo, duerch Gottes Gnod a Seng gëttlech Gonscht, sichtbar
> wéi déi stralend Luucht, déi vun der Schéinheet vun Deem ausgeet, dee jidderee
> gär huet. Ech bezeien, O Frënn! D’Gonscht ass komplett, d’Argument ass erfëllt,
> de Beweis ass erbruecht, an d’Evidenz etabléiert. Kucke Mir elo, wat är Beméiungen
> um Wee vun der Lassléisung weise wäerten. Op dës Manéier gouf déi gëttlech
> Gonscht iech an all deenen, déi am Himmel an op der Äerd sinn, voll a ganz
> accordéiert. All Luef sief Gott, dem Här vun alle
> Welten.
> 
>  
> 
>  
> 
>  
> 
> Umierkungen – Notes –
> Anmerkungen
> 
>  
> 
> [1] The Compilation of Compilations Prepared by the
> Universal House of Justice 1963-1990, Volume I, No 40
> 
> [2] Den Glauben vertiefen/aus d. Schr. Bahá'u'lláhs,
> 'Abdu'l-Bahás u. Shoghi Effendis. Zsgest. von d. Forschungsabt. d. Universalen Hauses d.
> Gerechtigkeit. Hofheim-Langenhain: Bahá'í-Verlag, 1984, No 40
> 
> [3] No marginal notes should be added except any of
> 'Abdu'l-Bahá Himself or the notes of the Cairo edition. (Shoghi Effendi, The
> Light of Divine Guidance v II, p. 63)
> 
> [4] The Compilation of Compilations Prepared by the
> Universal House of Justice 1963-1990, Volume I 1991 Bahá'í Publications Australia, No 36
> 
> [5] Der Ausdruck "Meine schwarzen Locken zu kämmen, und
> nicht, Meine Kehle damit zu verwunden" ist eine allegorische Warnung
> Bahá'u'lláhs davor, etwas von dem zu mißbrauchen, was Er der Welt geschenkt hat
> (06.09.1937 - Sekr.)(Secundaer Literatur, Ian Semple - Der Hueter)
>
> — *Verbuerge Wierder*

