# Vereeneg d'Häerzer

*Exported from [Holy-Writings.com](https://www.holy-writings.com/) on 2026-06-19 — 1 clipping.*

---

> PDFsToWord.Com
> 
> Buchdeckel vir: Vereeneg d'Häerzer
> 
> Editeur: Nationale Geeschtege Rot vun de
> Bahá'í vu Lëtzebuerg, 17, allée Léopold
> Goebel, L-1635, Lëtzebuerg
> 
> Tel: +352 44 22 20 secretariat@bahai.lu
> 
> 2017 ISBN: 978-99959-786-3-1
> 
> bahai.lu
> 
> bahai.fr
> 
> bahai.de
> 
> bahai.be
> 
> bahai.org
> 
> bahaullah.org
> 
> 200
> 
> Eng Auswiel, zesummegestallt op Ufro
> vum Nationale Geeschtege Rot vun de Bahá’í vu Lëtzebuerg bei
> Geleeënheet vun der Zweehonnertjoerfeier vun der Gebuert
> vu Bahá’u’lláh a vum Báb.
> 
> Geseent ass den Uert, d’Haus an
> d’Plaz, d’Stad an d’Häerz, de Bierg an den Ënnerdaach, d’Hiel an
> den Dall, d’Land an d’Mier, d’Insel an d’Weed, wou Gott ernimmt a
> Säi Luef verherrlecht gëtt.
> 
> Bahá’u’lláh
> 
> Dës herrlech Festlechkeete wäerten de Bahá’í an all
> Land Geleeënheete bidden, déi gréisstméiglech Zuel vu
> Gleewegen, hir Familljen, Frënn a Mataarbechter, sou
> wéi och anerer aus der Gesellschaft ronderëm si
> anzelueden, fir un déi Momenter ze denken, wou en
> eenzegaartegt Wiesen an der Schëpfung, eng Manifestatioun vu
> Gott, an dës Welt gebuer gouf.
> 
> D’Universaalt Haus vun der GerechteGkeet
> 
> AFÉIERUNG
> 
> Am Laf vun der Geschicht huet Gott der Mënschheet eng Rei
> vu gëttlechen Erzéier geschéckt, déi och Manifestatioune vu Gott
> genannt ginn. Hir Léieren hunn d’Fundamenter fir de Fortschrëtt vun
> der Zivilisatioun bruecht. Bahá’u’lláh, déi rezentst vun
> dëse Manifestatiounen erkläert, dass d’Relioune vun der Welt aus
> derselwechter Quell stamen, an dass si - an hirem Wiesen -, ëmmer
> nei Kapitele vun enger an derselwechter gëttlecher Relioun sinn.
> 
> Bahá’u’lláh entwéckelt a senge Schrëften
> eng Visioun vun der Zukunft vun der Gesellschaft, vun der Natur
> a vum Zil vum Liewen, déi de Grondstee leet vun
> enger Weltzivilisatioun, déi sech entfaalt, déi d'Mënschen zesummeféiert
> an déi déi materiell a geeschteg Entwécklung vum Eenzelnen an
> de Vëlker séchert.
> 
> Seng Léieren, déi als Zil d’Unerkennung vun
> der Eenheet vun der Mënschheet hunn, bidden eng iwwerzeegend
> Visioun vun enger Welt, déi vereent ass a wou
> Gerechtegkeet, Fridden a Wuelstand
> erriicht ginn. Millioune vu Gleeweger uechter
> d’Welt, vun alle kulturellen, reliéisen a sozialen
> Originnen, fannen do d’Quell vun hirer Inspiratioun a fir
> hiren Asaz am Déngscht vun der Verbesserung vun der
> Gesellschaft an dem Opbau vu liewege Gemeinschaften.
> 
> DE BÁB (1819-1850)
> 
> De Báb
> ass de Virleefer vum Bahá’í Glawen. An der Mëtt
> vum 19te Joerhonnert huet hien ugekënnegt, eis e Message ze
> bréngen, dee bestëmmt ass, d’geeschtegt Liewe vun
> der Mënschheet ze veränneren. Seng Missioun war
> et, de Wee fir en neie Gottesoffenbarer mat engem méi héije Rang
> wéi sengem, virzebereeden, deen en Zäitalter vu Fridden a
> Gerechtegkeet aleede géif.
> 
> BAHÁ’U’LLÁH (1817-1892)
> 
> Bahá’u’lláh - d’«Herrlechkeet vu Gott» - ass
> deen, dee vum Báb a vun alle Gottesoffenbarer aus der Vergaangenheet
> ugekënnegt gouf. Bahá’u’lláh huet der Mënschheet eng nei Offenbarung
> vu Gott vermëttelt. Dausende vu Versen, Bréiwer
> a Bicher stamen aus senger Fieder. A senge Schrëften huet hien e
> Kader fir d’Entwécklung vun enger Weltzivilisatioun definéiert, deen
> déi spirituell
> a materiell Dimensioune vum Liewen am Bléck huet. Als
> gëttlech Manifestatioun, deen d’Liicht vun der Eenheet a vum Fridde
> bruecht huet, huet Bahá’u’lláh 40 Joer Prisong, Tortur an Exil
> erlidden.
> 
> D’BAHÁ’Í
> 
> An de geeschtegen a spirituellen Aspekter vun hirem
> Liewe beméie sech d’Bahá’í, d’Léiere vu Bahá’u’lláh an d’Praxis
> ëmzesetzen, d’Eenheet an d’Wuel vun der Mënschheet virunzebréngen, an zu
> enger weltwäiter Solidaritéit bäizedroen.
> 
> D’Fäegkeete fir sech fir soziale Fortschrëtt
> anzesetzen, ginn an engem Erzéiungsprozess entwéckelt, wou jidderee
> sech verännert a gläichzäiteg un der Ëmwandlung vun der Gesellschaft
> matschafft:
> 
> Kannerklasse setzen d’Fundament vun engem nobele
> Charakter mat Dugenden.
> 
> Aktivitéite mat Jugendlecher hëllefen hinnen,
> hir moralesch Identitéit ze entwéckelen an Déngschter ze leeschten, déi
> hir Noperschaft brauch.
> 
> Studiekreesser erlaben et Persoune vu verschidden
> Urspréng, zesummen iwwer d’Ëmsetzung vu gëttleche Léieren an hirem individuellen a kollektive Liewen nozedenken.
> 
> Gebietsversammlunge stäerken dat geeschtegt
> Liewen an déi sozial Relatioune vun den Awunner.
> 
> Dës lokal Aktivitéite sinn op fir jiddereen. Si
> ginn organiséiert a gedroe vun deenen, déi aktiv zu hirem eegene Wuel an deem
> vun hirer Ëmwelt bäidroe wëllen.
> 
> ENG AUSWIEL AUS DE BAHÁ'Í SCHRËFTEN
> 
> «Wësst dir net firwat Mir iech all aus deemselwechte Stëbs
> erschaf hunn? Fir dass kee sech iwwer deen aneren erhieft. Bedenkt zu
> jidder Zäit an ären Häerzer, wéi dir erschaf gi sidd.»
> 
> Bahá’u’lláh
> 
> «D’Welt vun der Mënschheet huet zwee Flilleken - deen
> een ass d’Fra, deen aneren de Mann. Nëmme wann déi zwee Flilleke
> sech gläichméisseg entwéckelen, kann de Vugel fléien. Wann
> ee Flillek schwaach bleift, kann de Vugel onméiglech
> fléien.»
> 
> ‘Abdu’l-Bahá
> 
> «Lee dir selwer all Dag Rechenschaft of, éier
> s du zur Rechenschaft gezu gëss; well den Doud kënnt
> onerwaart, an da muss du dech fir deng Dote veräntweren.»
> 
> Bahá’u’lláh
> 
> «D’Äerd ass nëmmen ee Land
> an all d’Mënsche si seng Bierger.»
> 
> Bahá’u’lláh
> 
> «D’Verbesserung vun der Welt kann duerch reng a
> gutt Doten, duerch e luewenswäert an éierbaart Verhalen erreecht
> ginn.»
> 
> Bahá’u’lláh
> 
> «Daucht an an d’Mier vu
> menge Wierder, fir doranner d’Geheimnisser ze erfaassen an
> all d’Pärele vun der Wäisheet ze entdecken, déi sech an
> hiren Déifte verstoppen.»
> 
> Bahá’u’lláh
> 
> «D’Gebiet ass e Gespréich mat Gott. Dat héchst Zil
> oder de séissten Zoustand ass keen anere wéi d’Gespréich mat Gott. Et
> schaaft Geeschtegkeet, Bewosstsinn an himmlesch Gefiller,
> bewierkt nei Unzéiunge vum Kinnekräich an erwächt d’Empfänglechkeet
> vun der méi héijer Intelligenz.»
> 
> ‘Abdu’l-Bahá
> 
> GEBIEDER & MEDITATIOUNEN
> 
> Genau sou wéi eise Kierper Nahrung brauch, ernäert
> d’reegelméissegt Gebiet eis Séil, erfrëscht d’Häerz a rengegt et vu
> weltlechen Ofhängegkeeten. Dëst geeschtegt Gespréich vun der Séil
> mat sengem Schëpfer, intim an direkt, erméiglecht hir
> et, Hëllef ze froen, iwwer d’Liewen nozedenken, ëm Rot ze
> froen, oder einfach nëmme seng Léift an Dankbarkeet auszedrécken.
> 
> A wann d’Aarbecht am Geescht vum Déngscht gemaach
> gëtt, ass si och eng Dot vun Ubiedung.
> 
> «Vergiess alles ausser Mir a kommunizéier mat Mengem
> Geescht. Dat ass d’Essenz vu Mengem Gebot, dofir hal dech
> dorunner.»
> 
> Bahá’u’lláh
> 
> «… d’Gebiet erwächt an entfaalt eise Geescht
> a schützt eis viru Prüfungen.»
> 
> ‘Abdu’l-Bahá
> 
> DEEGLECHT GEBIET
> 
> Ech bezeien, o mäi Gott, dass Du mech
> erschaf hues, fir Dech ze erkennen an Dech unzebieden. Ech
> bekennen an dësem Abléck meng Schwächt an Deng Muecht, meng Aarmut
> an Däi Räichtum. Et gëtt keen anere Gott ausser
> Dir, Deen, deen hëlleft a Gefor, Deen, deen
> duerch Sech selwer ass.
> 
> Bahá’u’lláh
> 
> EENHEET & FRIDDEN
> 
> O mäi Gott, o mäi Gott! Vereeneg d’Häerzer vun Dengen
> Dénger a weis hinnen Däi grousse Plang, datt si Denge Geboter
> kënnen nogoen an Däi Gesetz beuechten. Hëllef hinnen, o
> Gott, an hirem Beméien, a schenk hinne
> Kraaft, Dir ze déngen. O Gott! Iwwerlooss si net sech
> selwer, mee leet hir Schrëtt mam Liicht vun Dengem Wëssen, an
> erfree hir Häerzer mat Denger Léift. Du bass wierklech Deen, deen
> hinnen hëlleft an Du bass hiren Här.
> 
> Bahá’u’lláh
> 
> O eise Gott, mir bieden dech beim
> Kinnek vun den Nimm, an dem Schëpfer vun Himmel an Äerd, beim
> Dausche vun de Blieder vum Liewensbam a bei Denge Wierder, déi
> eis d’Wierklechkeet vun allem méi no bréngen, gëff, dass
> d’Eenheet an der Léift zu Gott, séier uechtert d’Welt erriicht
> gëtt; dass Du eis leede wäerts, ëmmer an onfeelbar, zu deem
> hin, wat mir no Dengem Wëlle maache sollten, an dass mir
> ëmmer staark a voll a ganz virbereet sinn, Dir
> direkt, ouni ze zécken an ouni Bedingung, ze follegen.
> 
> Bahá’u’lláh
> 
> O du gudden Här! Du hues d’ganz Mënschheet aus deem
> selwechte Stamm erschaf. Du hues bestëmmt, dass si all zum selwechte Stot
> gehéieren. An Denger helleger Präsenz si si all Deng Dénger, an
> d’ganz Mënschheet fënnt en Ënnerdaach an Dengem Hellegtum. Si sinn all
> ronderëm den Dësch vun Denger Mëtschgiewegkeet versammelt; si sinn all erliicht vun der Luucht vun Denger Vorsehung.
> 
> O Gott! Du bass gutt zu jidderengem, Du suergs fir jiddereen, Du pass op jiddereen op, Du gëss
> jidderengem d’Liewen. Du hues jidderengem Talenter a Fäegkeete ginn, an alleguer si si an d’Mier
> vun Dengem Erbaarme gedaucht.
> 
> O Du gudden Här! Vereeneg si all. Looss
> d’Relioune sech eens ginn a vereeneg d’Natiounen, fir dass si een deen
> anere wéi eng Famill gesinn an d’ganz Äerd wéi een Doheem. O dass si
> dach alleguer a vollkommener Harmonie zesummeliewen!
> 
> O Gott! Erhief Du de Fändel vun der Eenheet vun der
> Mënschheet. O Gott! Erriicht de Gréisste Fridden. Schmëlz Du, O Gott,
> d’Häerzer zesummen.
> 
> O Du gudde Papp, Gott! Erfree
> eis Häerzer duerch den Doft vun Denger Léift. Erliicht eis Aen
> duerch d’Luucht vun Denger Féierung. Erfree eis Ouere mat der Melodie vun
> Dengem Wuert a behitt eis all an der Festung vun Denger Vorsehung. Du
> bass de Mächtegen an de Staarken, Du bass Deen, dee verzeit an Deen, deen
> d’Mängel vun der ganzer Mënschheet iwwersäit.
> 
> ‘Abdu’l-Bahá
> 
> ELTEREN
> 
> Et gehéiert sech, dass den Dénger no all Gebiet
> Gott biet, sengen Elteren Erbaarmen a Verzeiung ze
> bewëllegen. Esou wäert d’Stëmm vu Gott sech erhiewen:
> 
> «Wat s du fir Deng Eltere gefrot
> hues, kriss du dausendfach als Belounung!» Geseent ass
> deen, deen u seng Elteren denkt, wann hie mat
> Gott kommunizéiert. A Wierklechkeet gëtt et keen anere Gott
> ausser Him, de Mächtegen, Deen, dee jidderee gär huet.
> 
> De Báb
> 
> ERAUSFUERDERUNGEN & TESTER
> 
> Gëtt et een, dee Schwieregkeeten
> ewechhëlt ausser Gott? So: Gelueft sief Gott! Hien ass Gott! Si
> sinn all Seng Dénger, an all hale sech u Säi Gebot.
> 
> De Báb
> 
> So: Gott geet allem duer, an iwwer alles
> ewech, an näischt an den Himmelen an op der Äerd, kann duergoen
> ausser Gott. A Wierklechkeet ass Hie selwer Deen, dee weess, deen ënnerstëtzt, den
> Allmächtegen.
> 
> De Báb
> 
> FÉIERUNG
> 
> Éier sief Dir, o Gott, fir Deng
> Offenbarung vu Léift zur Mënschheet! O Du, deen s Du eist Liewen
> an eist Liicht bass, féier Deng Dénger op Däi Pad, maach si
> räich an Dir a fräi vun allem ausser Dir.
> 
> O Gott, léier si Deng Eenzegkeet, a looss si
> Deng Eenheet erkennen, fir dass si soss kee gesinn ausser Dir. Du
> bass de Baarmhäerzegen, an de Generéisen!
> 
> O Gott, schaf an den Häerzer vun deenen, déi Dech
> gär hunn, d’Feier vun Denger Léift, fir dass et d’Gedanken un
> alles ausser Dir ewechbrenne kann.
> 
> Offenbar hinnen, o Gott, Deng
> himmlesch Éiwegkeet; dass Du ëmmer waars an ëmmer wäerts sinn an
> dass et kee Gott gëtt ausser Dir. A Wierklechkeet fanne mir an
> Dir Trouscht a Kraaft!
> 
> Bahá’u’lláh
> 
> GLAWEN
> 
> O Här! Erméiglech alle Vëlker vun der Äerd
> an d’Paradäis vun Dengem Glawen eranzekommen, sou dass keen
> erschafent Wiesen ausserhalb de Limitte vun Dengem Gefale
> bleiwe wäert. Säit éiwegen Zäite bass Du mächteg
> ze maachen, wat Dir gefält an transzendent iwwer wat och ëmmer s
> Du wënschs.
> 
> De Báb
> 
> HEELUNG & STÄERKT
> 
> Däin Numm ass meng Heelung, o mäi
> Gott, an Denger ze gedenken ass meng Medezin. No bei Dir ze
> sinn, ass meng Hoffnung, an d’Léift fir Dech ass mäi
> Begleeder. Deng Baarmhäerzegkeet ass meng Heelung a meng Hëllef a béide Welten, an
> dëser, an an där, déi kënnt. Du bass wierklech de Mëtschgiewegsten, den Allwëssenden, den Onendlechweisen.
> 
> Bahá’u’lláh
> 
> HËLLEF
> 
> Schaf a mir e rengt Häerz, o
> mäi Gott, a gëff mir op en Neits e rouegt Gewëssen, o
> meng Hoffnung! Bestäteg Du mech an Denger Saach duerch de
> Geescht vun der Muecht, o meng grouss Léift, a looss mech
> Däi Wee kucken duerch d’Liicht vun Denger Herrlechkeet, o Du
> d’Zil vu mengem Verlaangeren! Erhief mech mat der Kraaft vun Denger transzendenter
> Muecht an den Himmel vun Denger Hellegkeet, o Quell vu
> menger Existenz, an erfree mech duerch den duusse Wand vun
> Denger Éiwegkeet, o Du, deen s Du mäi Gott bass! Looss Deng
> éiweg Melodië Rou op mech stréimen, o
> mäi Begleeder, a looss de Räichtum vun Dengem
> uréiwegen Ubléck mech fräimaache vun allem ausser Dir, o mäi
> Meeschter, a looss d’Noriichte vun der Offenbarung vun
> Dengem onvergängleche Wiese mir Freed bréngen, o Du, den
> Offensichtlechste vun all deenen déi offensichtlech sinn, an
> de Verbuergenste vun all deenen déi verbuerge sinn!
> 
> Bahá’u’lláh
> 
> O mäi Gott! Ech froen dech, bei Dengem herrlechsten
> Numm, mir an deem ze hëllefen, wat d‘Ugeleeënheete vun Dengen Dénger
> zum Erfolleg féiert, an Deng Stied erbléien deet. Du hues
> wierklech Muecht iwwer alles.
> 
> Bahá’u’lláh
> 
> JUGENDLECH
> 
> O Här! Looss dëse jonke Mënsch stralen, an erweis
> dësem aarme Wiesen deng Guttheet. Schenk
> him Wëssen, maach hie mueres fréi nach méi staark a behitt hien
> ënner dem Daach
> vun Dengem Schutz, fir dass hie fräi gëtt vun all Iertum, sech
> fir den Déngscht un Denger Saach hiergëtt, déi Verierte
> leet, déi Onglécklech féiert, déi Gefaange befreit an déi
> Liichtsënneg erwächt, fir dass si all mat Dengem Gedenken an
> Dengem Luef geseent ginn. Du bass de Mächtegen an de Staarken.
> 
> ‘Abdu’l-Bahá
> 
> KANNER
> 
> O Gott! Erzéi dës Kanner. Dës Kanner sinn d’Planzen
> aus Dengem Bongert, d’Blumme vun Denger Wiss, d’Rousen aus
> Dengem Gaart. Looss Däi Reen op si falen; looss d’Sonn vun
> der Wierklechkeet mat Denger Léift op si schéngen. Looss Deng Lëftche
> si erfrëschen, fir datt si ausgebilt ginn, wuessen, sech
> entfalen, a sech a gréisster Schéinheet weisen. Du bass
> Deen, dee gëtt a voller Matleed ass.
> 
> ‘Abdu’l-Bahá
> 
> Hien ass Gott! O Gott, mäi Gott! Schenk mir en
> Häerz, sou reng wéi eng Pärel.
> 
> ‘Abdu’l-Bahá
> 
> O Gott, leet mech, hal Deng Hand iwwer mech, maach
> aus mir eng stralend Luucht an e blénkege Stär. Du bass de Mächtegen
> an de Staarken.
> 
> ‘Abdu’l-Bahá
> 
> LUEF & DANK
> 
> Mäi Gott, mäin Ugebieten, mäi
> Kinnek, mäi Begieren! Wéi eng Wierder kënne mäin
> Dank un dech ausdrécken? Ech war zerstreet, Du
> awer hues mech erwächt. Ech hat Dir de Réck zougedréit, Du
> awer hues mir gnädeg gehollef, mech Dir nees zouzewenden. Ech
> war wéi dout, Du awer hues mech mam Waasser vum Liewen
> zeréckbruecht. Ech war verdréchent, Du awer hues mech
> mam himmlesche Stroum vun Denge Wierder, déi aus der Fieder
> vum Allbaarmhäerzege gefloss sinn, belieft.
> 
> O gëttlech Vorsehung! Alles wat
> besteet, kënnt vun Denger Gnod; verweiger deem net
> d’Waasser vun Denger Mëtschgiewegkeet an hal se net zeréck virum Mier
> vun Dengem Erbaarmen. Ech bieden dech: Hëllef mir, a stéi mir zu allen Zäiten an
> ënner alle Bedingunge bäi, an ech sichen
> Deng uréiweg Gonscht vum Himmel vun Denger Gnod. Du
> bass a Wierklechkeet den Här vun Der Gnod, den Herrscher vum Räich
> vun der Éiwegkeet.
> 
> Bahá’u’lláh
> 
> MOIES
> 
> Looss all Moie besser si wéi den Owend virdrun an all
> neien Dag méi räich wéi de viregten. De Verdéngscht vum Mënsch berout
> op Déngscht an Dugend, net op glänzendem Wuelstand
> a Räichtum.
> 
> Bahá’u’lláh
> 
> Ech sinn an Dengem Ënnerdaach erwächt, o
> mäi Gott, an et gehéiert sech deem, deen dësen Ënnerdaach
> sicht, ënner Dengem hellege Schutz an an Denger staarker Festung ze
> bleiwen. Erliicht mäi bannenzegt Wiesen, o mäi
> Gott, mam Glanz vun der Moiessonn vun Denger Offenbarung, sou
> wéi s Du mäi baussenzegt Wiese mat der Moiesluucht vun Denger
> Gonscht méi hell gemaach hues.
> 
> Bahá’u’lláh
> 
> OWES
> 
> O mäi Gott, mäi Meeschter, d’Zil vu mengem Verlaangeren. Däin
> Dénger wëll schlofen am Ënnerdaach vun Dengem Erbaarmen a rouen
> am Zelt vun Denger Gnod. E biet Dech un, fir dass Du fir hie
> suergs, an dass näischt un hie kënnt.Ech bieden Dech o mäin Här, bei
> Dengem A, dat net schléift, behitt meng Aen, dass
> si soss näischt kucke wéi Dech. Maach dann hire Bléck
> schaarf, fir dass si Deng Zeechen erkennen an den Horizont vun Denger
> Offenbarung kucken. Du bass Deen, virun Deem sengen Offenbarunge vun
> héchster Muecht all Muecht an hirem Wiesenskär
> ziddert. Et gëtt kee Gott ausser
> Dir, den Allmächtegen, den Allesënnerwerfenden, de
> Vollkommenen.
> 
> Bahá’u’lláh
> 
> SCHUTZ
> 
> ... Bewaffnet mat der Muecht vun Dengem Numm, kann näischt mir jeemools wéidoen, a
> mat Denger Léift a mengem Häerz kann de Misär vun der ganzer Welt
> mech op keng Manéier beonrouegen...
> 
> Bahá’u’lláh
> 
> STANDHAFTEGKEET
> 
> O Här, mäi Gott! Stéi deene bäi, déi
> s Du gär hues, fir dass si fest an Dengem Glawe
> sinn, op Denge Weeër ginn a standhaft an Denger
> Saach sinn. Gëff hinnen Deng Gnod, dem Stuerm vun
> der Selbstsucht an der Leidenschaft ze widderstoen, an dem
> Liicht vun der gëttlecher Féierung nozegoen.
> 
> Du bass de Mächtegen, de Gnädegen, Deen, deen duerch sech selwer ass, Deen, dee gëtt, de Matleedvollen, den Allmächtegen, de
> Ganzgeneréisen.
> 
> ‘Abdu’l-Bahá
> 
> VERSTUERWEN
> 
> Erlab, o mäin Här, dass déi, déi zu
> Dir eropkomm sinn, an Dir, dem beschte Komerod, en
> Ënnerdaach fannen, an dass si am Schiet vum Tabernakel vun
> Denger Majestéit an am Hellegtum vun Denger
> Herrlechkeet wunnen. Verspreet Du iwwer si, o
> mäin Här, vum Mier vun Denger Verzeiung, wat si
> wierdeg mécht an Dengem allerhéchste Kinnekräich an am himmleschen Domän
> ze wunnen, soulaang wéi Deng Herrschaft dauert.
> 
> Mächteg bass Du ze maachen, wat Dir gefält.
> 
> Bahá’u’lláh
> 
> So: O Gott, mäi Gott! Du hues mengen Hänn e
> Schaz vun Dir uvertraut, an no Dengem Wëllen, wéi et Dir
> gefält, hues Du hien elo zu Dir zeréckgeruff. Et steet
> mir, Denger Mod, net
> zou, ze froen, firwat mech dat getraff huet oder firwat et
> geschitt ass, well Du gëss verherrlecht an
> all Denge Wierker, an Dengem Befeel muss gefollegt ginn. Deng
> Mod, o mäin Här, huet hir Hoffnungen op Deng Gnod a Guttheet
> gesat. Looss si dat erreechen, wat si no bei Dech bréngt, a wat hir an
> all Denge Welten zegutt kënnt. Du bass
> Deen, dee verzeit, de Ganzgeneréisen. Et gëtt kee Gott ausser
> Dir, Deen, dee bestëmmt, den Uréiwegen.
> 
> Bahá’u’lláh
> 
> INHALT
> 
> DEEGLECHT GEBIET 11
> 
> EENHEET & FRIDDEN 11-13
> 
> ELTEREN 14
> 
> ERAUSFUERDERUNGEN & TESTER 15
> 
> FÉIERUNG 16
> 
> GLAWEN 17
> 
> HEELUNG & STÄERKT 17
> 
> HËLLEF 18-19
> 
> JUGENDLECH 20
> 
> KANNER 21
> 
> LUEF & DANK 22
> 
> MOIES 23
> 
> OWES 24
> 
> SCHUTZ 24
> 
> STANDHAFTEGKEET 25
> 
> VERSTUERWEN 26-27
> 
> BIBLIOGRAPHIE
> 
> E groussen Deel vun de Gebieder sinn an dëser
> Publikatioun fir d’éischt iwwersat a verëffentlecht. D’Bahá’í
> Schrëften a Gebieder goufe meeschtens op persesch an
> arabesch niddergeschriwwen. De Shoghi Effendi, den Hidder vum Bahá’í
> Glawen, huet villes op Englesch
> iwwersat. Dës englesch Texter sinn d’Referenz fir d’Iwwersetzung
> an all déi aner Sproochen.
> 
> Bahá’u’lláh, 1817-1892, Bahá‘í prayers: a
> selection /
> 
> revealed by Bahá’u’lláh, the
> Báb, and ‘Abdu’l-Bahá. 1991 Edition
> 
> ISBN: 0-87743-230-9
> 
> D’Aféierung, de Báb, Bahá’u’lláh, d’ Bahá‘í, Gebieder
> a Meditatiounen, fënnt een am
> Bichelchen: Unifier l’humanité, Die Menschheit
> vereinen, Unifying Humankind, 2017
> 
> ISBN: 2-87203-116-2
> 
> Erliicht mäin Häerz, 11 Gebieder a fënnef
> Sproochen, Esslemont Verlag, 2017
> 
> ISBN: 978-99959-786-2-4
> 
> Déi Verbuerge
> Wierder, Verëffentlechungen - Bahá’í Lëtzebuerg, 2017
> 
> ISBN: 978-2-9599754-0-0
> 
> Buchdeckel hannen:
> 
> Dir sidd all d’Blieder vun engem Bam an d’Drëpsen aus
> engem Ozean.
> 
> Bahá’u’lláh
>
> — *Vereeneg d'Häerzer*

