Тексты в этой папке 3 файлов здесь · 0 подпапок
Искать в
Тексты в этой папке
PDFsToWord.Com Buchdeckel vir: Vereeneg d'Häerzer Editeur: Nationale Geeschtege Rot vun de Bahá'í vu Lëtzebuerg, 17, allée Léopold Goebel, L-1635, Lëtzebuerg Tel: +352 44 22 20 secretariat@bahai.lu 2017 ISBN: 978-99959-786-3-1 bahai.lu bahai.fr bahai.de bahai.be bahai.org bahaullah.org 200 Eng Auswiel, zesummegestallt op Ufro vum Nationale Geeschtege Rot vun de Bahá’í vu Lëtzebuerg bei Geleeënheet vun der Zweehonnertjoerfeier vun der Gebuert vu Bahá’u’lláh a vum Báb. Geseent ass den Uert, d’Haus an d’Plaz, d’Stad an d’Häerz, de Bierg an den Ënnerdaach, d’Hiel an den Dall, d’Land an d’Mier, d’Insel an d’Weed, wou Gott ernimmt a Säi Luef verherrlecht gëtt. Bahá’u’lláh Dës herrlech Festlechkeete wäerten de Bahá’í an all Land Geleeënheete bidden, déi gréisstméiglech Zuel vu Gleewegen, hir Familljen, Frënn a Mataarbechter, sou wéi och anerer aus der Gesellschaft ronderëm si anzelueden, fir un déi Momenter ze denken, wou en eenzegaartegt Wiesen an der Schëpfung, eng Manifestatioun vu Gott, an dës Welt gebuer gouf. D’Universaalt Haus vun der GerechteGkeet AFÉIERUNG Am Laf vun der Geschicht huet Gott der Mënschheet eng Rei vu gëttlechen Erzéier geschéckt, déi och Manifestatioune vu Gott genannt ginn. Hir Léieren hunn d’Fundamenter fir de Fortschrëtt vun der Zivilisatioun bruecht. Bahá’u’lláh, déi rezentst vun dëse Manifestatiounen erkläert, dass d’Relioune vun der Welt aus derselwechter Quell stamen, an dass si - an hirem Wiesen -, ëmmer nei Kapitele vun enger an derselwechter gëttlecher Relioun sinn. Bahá’u’lláh entwéckelt a senge Schrëften eng Visioun vun der Zukunft vun der Gesellschaft, vun der Natur a vum Zil vum Liewen, déi de Grondstee leet vun enger Weltzivilisatioun, déi sech entfaalt, déi d'Mënschen zesummeféiert an déi déi materiell a geeschteg Entwécklung vum Eenzelnen an de Vëlker séchert. Seng Léieren, déi als Zil d’Unerkennung vun der Eenheet vun der Mënschheet hunn, bidden eng iwwerzeegend Visioun vun enger Welt, déi vereent ass a wou Gerechtegkeet, Fridden a Wuelstand erriicht ginn. Millioune vu Gleeweger uechter d’Welt, vun alle kulturellen, reliéisen a sozialen Originnen, fannen do d’Quell vun hirer Inspiratioun a fir hiren Asaz am Déngscht vun der Verbesserung vun der Gesellschaft an dem Opbau vu liewege Gemeinschaften. DE BÁB (1819-1850) De Báb ass de Virleefer vum Bahá’í Glawen. An der Mëtt vum 19te Joerhonnert huet hien ugekënnegt, eis e Message ze bréngen, dee bestëmmt ass, d’geeschtegt Liewe vun der Mënschheet ze veränneren. Seng Missioun war et, de Wee fir en neie Gottesoffenbarer mat engem méi héije Rang wéi sengem, virzebereeden, deen en Zäitalter vu Fridden a Gerechtegkeet aleede géif. BAHÁ’U’LLÁH (1817-1892) Bahá’u’lláh - d’«Herrlechkeet vu Gott» - ass deen, dee vum Báb a vun alle Gottesoffenbarer aus der Vergaangenheet ugekënnegt gouf. Bahá’u’lláh huet der Mënschheet eng nei Offenbarung vu Gott vermëttelt. Dausende vu Versen, Bréiwer a Bicher stamen aus senger Fieder. A senge Schrëften huet hien e Kader fir d’Entwécklung vun enger Weltzivilisatioun definéiert, deen déi spirituell a materiell Dimensioune vum Liewen am Bléck huet. Als gëttlech Manifestatioun, deen d’Liicht vun der Eenheet a vum Fridde bruecht huet, huet Bahá’u’lláh 40 Joer Prisong, Tortur an Exil erlidden. D’BAHÁ’Í An de geeschtegen a spirituellen Aspekter vun hirem Liewe beméie sech d’Bahá’í, d’Léiere vu Bahá’u’lláh an d’Praxis ëmzesetzen, d’Eenheet an d’Wuel vun der Mënschheet virunzebréngen, an zu enger weltwäiter Solidaritéit bäizedroen. D’Fäegkeete fir sech fir soziale Fortschrëtt anzesetzen, ginn an engem Erzéiungsprozess entwéckelt, wou jidderee sech verännert a gläichzäiteg un der Ëmwandlung vun der Gesellschaft matschafft: Kannerklasse setzen d’Fundament vun engem nobele Charakter mat Dugenden. Aktivitéite mat Jugendlecher hëllefen hinnen, hir moralesch Identitéit ze entwéckelen an Déngschter ze leeschten, déi hir Noperschaft brauch. Studiekreesser erlaben et Persoune vu verschidden Urspréng, zesummen iwwer d’Ëmsetzung vu gëttleche Léieren an hirem individuellen a kollektive Liewen nozedenken. Gebietsversammlunge stäerken dat geeschtegt Liewen an déi sozial Relatioune vun den Awunner. Dës lokal Aktivitéite sinn op fir jiddereen. Si ginn organiséiert a gedroe vun deenen, déi aktiv zu hirem eegene Wuel an deem vun hirer Ëmwelt bäidroe wëllen. ENG AUSWIEL AUS DE BAHÁ'Í SCHRËFTEN «Wësst dir net firwat Mir iech all aus deemselwechte Stëbs erschaf hunn? Fir dass kee sech iwwer deen aneren erhieft. Bedenkt zu jidder Zäit an ären Häerzer, wéi dir erschaf gi sidd.» Bahá’u’lláh «D’Welt vun der Mënschheet huet zwee Flilleken - deen een ass d’Fra, deen aneren de Mann. Nëmme wann déi zwee Flilleke sech gläichméisseg entwéckelen, kann de Vugel fléien. Wann ee Flillek schwaach bleift, kann de Vugel onméiglech fléien.» ‘Abdu’l-Bahá «Lee dir selwer all Dag Rechenschaft of, éier s du zur Rechenschaft gezu gëss; well den Doud kënnt onerwaart, an da muss du dech fir deng Dote veräntweren.» Bahá’u’lláh «D’Äerd ass nëmmen ee Land an all d’Mënsche si seng Bierger.» Bahá’u’lláh «D’Verbesserung vun der Welt kann duerch reng a gutt Doten, duerch e luewenswäert an éierbaart Verhalen erreecht ginn.» Bahá’u’lláh «Daucht an an d’Mier vu menge Wierder, fir doranner d’Geheimnisser ze erfaassen an all d’Pärele vun der Wäisheet ze entdecken, déi sech an hiren Déifte verstoppen.» Bahá’u’lláh «D’Gebiet ass e Gespréich mat Gott. Dat héchst Zil oder de séissten Zoustand ass keen anere wéi d’Gespréich mat Gott. Et schaaft Geeschtegkeet, Bewosstsinn an himmlesch Gefiller, bewierkt nei Unzéiunge vum Kinnekräich an erwächt d’Empfänglechkeet vun der méi héijer Intelligenz.» ‘Abdu’l-Bahá GEBIEDER & MEDITATIOUNEN Genau sou wéi eise Kierper Nahrung brauch, ernäert d’reegelméissegt Gebiet eis Séil, erfrëscht d’Häerz a rengegt et vu weltlechen Ofhängegkeeten. Dëst geeschtegt Gespréich vun der Séil mat sengem Schëpfer, intim an direkt, erméiglecht hir et, Hëllef ze froen, iwwer d’Liewen nozedenken, ëm Rot ze froen, oder einfach nëmme seng Léift an Dankbarkeet auszedrécken. A wann d’Aarbecht am Geescht vum Déngscht gemaach gëtt, ass si och eng Dot vun Ubiedung. «Vergiess alles ausser Mir a kommunizéier mat Mengem Geescht. Dat ass d’Essenz vu Mengem Gebot, dofir hal dech dorunner.» Bahá’u’lláh «… d’Gebiet erwächt an entfaalt eise Geescht a schützt eis viru Prüfungen.» ‘Abdu’l-Bahá DEEGLECHT GEBIET Ech bezeien, o mäi Gott, dass Du mech erschaf hues, fir Dech ze erkennen an Dech unzebieden. Ech bekennen an dësem Abléck meng Schwächt an Deng Muecht, meng Aarmut an Däi Räichtum. Et gëtt keen anere Gott ausser Dir, Deen, deen hëlleft a Gefor, Deen, deen duerch Sech selwer ass. Bahá’u’lláh EENHEET & FRIDDEN O mäi Gott, o mäi Gott! Vereeneg d’Häerzer vun Dengen Dénger a weis hinnen Däi grousse Plang, datt si Denge Geboter kënnen nogoen an Däi Gesetz beuechten. Hëllef hinnen, o Gott, an hirem Beméien, a schenk hinne Kraaft, Dir ze déngen. O Gott! Iwwerlooss si net sech selwer, mee leet hir Schrëtt mam Liicht vun Dengem Wëssen, an erfree hir Häerzer mat Denger Léift. Du bass wierklech Deen, deen hinnen hëlleft an Du bass hiren Här. Bahá’u’lláh O eise Gott, mir bieden dech beim Kinnek vun den Nimm, an dem Schëpfer vun Himmel an Äerd, beim Dausche vun de Blieder vum Liewensbam a bei Denge Wierder, déi eis d’Wierklechkeet vun allem méi no bréngen, gëff, dass d’Eenheet an der Léift zu Gott, séier uechtert d’Welt erriicht gëtt; dass Du eis leede wäerts, ëmmer an onfeelbar, zu deem hin, wat mir no Dengem Wëlle maache sollten, an dass mir ëmmer staark a voll a ganz virbereet sinn, Dir direkt, ouni ze zécken an ouni Bedingung, ze follegen. Bahá’u’lláh O du gudden Här! Du hues d’ganz Mënschheet aus deem selwechte Stamm erschaf. Du hues bestëmmt, dass si all zum selwechte Stot gehéieren. An Denger helleger Präsenz si si all Deng Dénger, an d’ganz Mënschheet fënnt en Ënnerdaach an Dengem Hellegtum. Si sinn all ronderëm den Dësch vun Denger Mëtschgiewegkeet versammelt; si sinn all erliicht vun der Luucht vun Denger Vorsehung. O Gott! Du bass gutt zu jidderengem, Du suergs fir jiddereen, Du pass op jiddereen op, Du gëss jidderengem d’Liewen. Du hues jidderengem Talenter a Fäegkeete ginn, an alleguer si si an d’Mier vun Dengem Erbaarme gedaucht. O Du gudden Här! Vereeneg si all. Looss d’Relioune sech eens ginn a vereeneg d’Natiounen, fir dass si een deen anere wéi eng Famill gesinn an d’ganz Äerd wéi een Doheem. O dass si dach alleguer a vollkommener Harmonie zesummeliewen! O Gott! Erhief Du de Fändel vun der Eenheet vun der Mënschheet. O Gott! Erriicht de Gréisste Fridden. Schmëlz Du, O Gott, d’Häerzer zesummen. O Du gudde Papp, Gott! Erfree eis Häerzer duerch den Doft vun Denger Léift. Erliicht eis Aen duerch d’Luucht vun Denger Féierung. Erfree eis Ouere mat der Melodie vun Dengem Wuert a behitt eis all an der Festung vun Denger Vorsehung. Du bass de Mächtegen an de Staarken, Du bass Deen, dee verzeit an Deen, deen d’Mängel vun der ganzer Mënschheet iwwersäit. ‘Abdu’l-Bahá ELTEREN Et gehéiert sech, dass den Dénger no all Gebiet Gott biet, sengen Elteren Erbaarmen a Verzeiung ze bewëllegen. Esou wäert d’Stëmm vu Gott sech erhiewen: «Wat s du fir Deng Eltere gefrot hues, kriss du dausendfach als Belounung!» Geseent ass deen, deen u seng Elteren denkt, wann hie mat Gott kommunizéiert. A Wierklechkeet gëtt et keen anere Gott ausser Him, de Mächtegen, Deen, dee jidderee gär huet. De Báb ERAUSFUERDERUNGEN & TESTER Gëtt et een, dee Schwieregkeeten ewechhëlt ausser Gott? So: Gelueft sief Gott! Hien ass Gott! Si sinn all Seng Dénger, an all hale sech u Säi Gebot. De Báb So: Gott geet allem duer, an iwwer alles ewech, an näischt an den Himmelen an op der Äerd, kann duergoen ausser Gott. A Wierklechkeet ass Hie selwer Deen, dee weess, deen ënnerstëtzt, den Allmächtegen. De Báb FÉIERUNG Éier sief Dir, o Gott, fir Deng Offenbarung vu Léift zur Mënschheet! O Du, deen s Du eist Liewen an eist Liicht bass, féier Deng Dénger op Däi Pad, maach si räich an Dir a fräi vun allem ausser Dir. O Gott, léier si Deng Eenzegkeet, a looss si Deng Eenheet erkennen, fir dass si soss kee gesinn ausser Dir. Du bass de Baarmhäerzegen, an de Generéisen! O Gott, schaf an den Häerzer vun deenen, déi Dech gär hunn, d’Feier vun Denger Léift, fir dass et d’Gedanken un alles ausser Dir ewechbrenne kann. Offenbar hinnen, o Gott, Deng himmlesch Éiwegkeet; dass Du ëmmer waars an ëmmer wäerts sinn an dass et kee Gott gëtt ausser Dir. A Wierklechkeet fanne mir an Dir Trouscht a Kraaft! Bahá’u’lláh GLAWEN O Här! Erméiglech alle Vëlker vun der Äerd an d’Paradäis vun Dengem Glawen eranzekommen, sou dass keen erschafent Wiesen ausserhalb de Limitte vun Dengem Gefale bleiwe wäert. Säit éiwegen Zäite bass Du mächteg ze maachen, wat Dir gefält an transzendent iwwer wat och ëmmer s Du wënschs. De Báb HEELUNG & STÄERKT Däin Numm ass meng Heelung, o mäi Gott, an Denger ze gedenken ass meng Medezin. No bei Dir ze sinn, ass meng Hoffnung, an d’Léift fir Dech ass mäi Begleeder. Deng Baarmhäerzegkeet ass meng Heelung a meng Hëllef a béide Welten, an dëser, an an där, déi kënnt. Du bass wierklech de Mëtschgiewegsten, den Allwëssenden, den Onendlechweisen. Bahá’u’lláh HËLLEF Schaf a mir e rengt Häerz, o mäi Gott, a gëff mir op en Neits e rouegt Gewëssen, o meng Hoffnung! Bestäteg Du mech an Denger Saach duerch de Geescht vun der Muecht, o meng grouss Léift, a looss mech Däi Wee kucken duerch d’Liicht vun Denger Herrlechkeet, o Du d’Zil vu mengem Verlaangeren! Erhief mech mat der Kraaft vun Denger transzendenter Muecht an den Himmel vun Denger Hellegkeet, o Quell vu menger Existenz, an erfree mech duerch den duusse Wand vun Denger Éiwegkeet, o Du, deen s Du mäi Gott bass! Looss Deng éiweg Melodië Rou op mech stréimen, o mäi Begleeder, a looss de Räichtum vun Dengem uréiwegen Ubléck mech fräimaache vun allem ausser Dir, o mäi Meeschter, a looss d’Noriichte vun der Offenbarung vun Dengem onvergängleche Wiese mir Freed bréngen, o Du, den Offensichtlechste vun all deenen déi offensichtlech sinn, an de Verbuergenste vun all deenen déi verbuerge sinn! Bahá’u’lláh O mäi Gott! Ech froen dech, bei Dengem herrlechsten Numm, mir an deem ze hëllefen, wat d‘Ugeleeënheete vun Dengen Dénger zum Erfolleg féiert, an Deng Stied erbléien deet. Du hues wierklech Muecht iwwer alles. Bahá’u’lláh JUGENDLECH O Här! Looss dëse jonke Mënsch stralen, an erweis dësem aarme Wiesen deng Guttheet. Schenk him Wëssen, maach hie mueres fréi nach méi staark a behitt hien ënner dem Daach vun Dengem Schutz, fir dass hie fräi gëtt vun all Iertum, sech fir den Déngscht un Denger Saach hiergëtt, déi Verierte leet, déi Onglécklech féiert, déi Gefaange befreit an déi Liichtsënneg erwächt, fir dass si all mat Dengem Gedenken an Dengem Luef geseent ginn. Du bass de Mächtegen an de Staarken. ‘Abdu’l-Bahá KANNER O Gott! Erzéi dës Kanner. Dës Kanner sinn d’Planzen aus Dengem Bongert, d’Blumme vun Denger Wiss, d’Rousen aus Dengem Gaart. Looss Däi Reen op si falen; looss d’Sonn vun der Wierklechkeet mat Denger Léift op si schéngen. Looss Deng Lëftche si erfrëschen, fir datt si ausgebilt ginn, wuessen, sech entfalen, a sech a gréisster Schéinheet weisen. Du bass Deen, dee gëtt a voller Matleed ass. ‘Abdu’l-Bahá Hien ass Gott! O Gott, mäi Gott! Schenk mir en Häerz, sou reng wéi eng Pärel. ‘Abdu’l-Bahá O Gott, leet mech, hal Deng Hand iwwer mech, maach aus mir eng stralend Luucht an e blénkege Stär. Du bass de Mächtegen an de Staarken. ‘Abdu’l-Bahá LUEF & DANK Mäi Gott, mäin Ugebieten, mäi Kinnek, mäi Begieren! Wéi eng Wierder kënne mäin Dank un dech ausdrécken? Ech war zerstreet, Du awer hues mech erwächt. Ech hat Dir de Réck zougedréit, Du awer hues mir gnädeg gehollef, mech Dir nees zouzewenden. Ech war wéi dout, Du awer hues mech mam Waasser vum Liewen zeréckbruecht. Ech war verdréchent, Du awer hues mech mam himmlesche Stroum vun Denge Wierder, déi aus der Fieder vum Allbaarmhäerzege gefloss sinn, belieft. O gëttlech Vorsehung! Alles wat besteet, kënnt vun Denger Gnod; verweiger deem net d’Waasser vun Denger Mëtschgiewegkeet an hal se net zeréck virum Mier vun Dengem Erbaarmen. Ech bieden dech: Hëllef mir, a stéi mir zu allen Zäiten an ënner alle Bedingunge bäi, an ech sichen Deng uréiweg Gonscht vum Himmel vun Denger Gnod. Du bass a Wierklechkeet den Här vun Der Gnod, den Herrscher vum Räich vun der Éiwegkeet. Bahá’u’lláh MOIES Looss all Moie besser si wéi den Owend virdrun an all neien Dag méi räich wéi de viregten. De Verdéngscht vum Mënsch berout op Déngscht an Dugend, net op glänzendem Wuelstand a Räichtum. Bahá’u’lláh Ech sinn an Dengem Ënnerdaach erwächt, o mäi Gott, an et gehéiert sech deem, deen dësen Ënnerdaach sicht, ënner Dengem hellege Schutz an an Denger staarker Festung ze bleiwen. Erliicht mäi bannenzegt Wiesen, o mäi Gott, mam Glanz vun der Moiessonn vun Denger Offenbarung, sou wéi s Du mäi baussenzegt Wiese mat der Moiesluucht vun Denger Gonscht méi hell gemaach hues. Bahá’u’lláh OWES O mäi Gott, mäi Meeschter, d’Zil vu mengem Verlaangeren. Däin Dénger wëll schlofen am Ënnerdaach vun Dengem Erbaarmen a rouen am Zelt vun Denger Gnod. E biet Dech un, fir dass Du fir hie suergs, an dass näischt un hie kënnt.Ech bieden Dech o mäin Här, bei Dengem A, dat net schléift, behitt meng Aen, dass si soss näischt kucke wéi Dech. Maach dann hire Bléck schaarf, fir dass si Deng Zeechen erkennen an den Horizont vun Denger Offenbarung kucken. Du bass Deen, virun Deem sengen Offenbarunge vun héchster Muecht all Muecht an hirem Wiesenskär ziddert. Et gëtt kee Gott ausser Dir, den Allmächtegen, den Allesënnerwerfenden, de Vollkommenen. Bahá’u’lláh SCHUTZ ... Bewaffnet mat der Muecht vun Dengem Numm, kann näischt mir jeemools wéidoen, a mat Denger Léift a mengem Häerz kann de Misär vun der ganzer Welt mech op keng Manéier beonrouegen... Bahá’u’lláh STANDHAFTEGKEET O Här, mäi Gott! Stéi deene bäi, déi s Du gär hues, fir dass si fest an Dengem Glawe sinn, op Denge Weeër ginn a standhaft an Denger Saach sinn. Gëff hinnen Deng Gnod, dem Stuerm vun der Selbstsucht an der Leidenschaft ze widderstoen, an dem Liicht vun der gëttlecher Féierung nozegoen. Du bass de Mächtegen, de Gnädegen, Deen, deen duerch sech selwer ass, Deen, dee gëtt, de Matleedvollen, den Allmächtegen, de Ganzgeneréisen. ‘Abdu’l-Bahá VERSTUERWEN Erlab, o mäin Här, dass déi, déi zu Dir eropkomm sinn, an Dir, dem beschte Komerod, en Ënnerdaach fannen, an dass si am Schiet vum Tabernakel vun Denger Majestéit an am Hellegtum vun Denger Herrlechkeet wunnen. Verspreet Du iwwer si, o mäin Här, vum Mier vun Denger Verzeiung, wat si wierdeg mécht an Dengem allerhéchste Kinnekräich an am himmleschen Domän ze wunnen, soulaang wéi Deng Herrschaft dauert. Mächteg bass Du ze maachen, wat Dir gefält. Bahá’u’lláh So: O Gott, mäi Gott! Du hues mengen Hänn e Schaz vun Dir uvertraut, an no Dengem Wëllen, wéi et Dir gefält, hues Du hien elo zu Dir zeréckgeruff. Et steet mir, Denger Mod, net zou, ze froen, firwat mech dat getraff huet oder firwat et geschitt ass, well Du gëss verherrlecht an all Denge Wierker, an Dengem Befeel muss gefollegt ginn. Deng Mod, o mäin Här, huet hir Hoffnungen op Deng Gnod a Guttheet gesat. Looss si dat erreechen, wat si no bei Dech bréngt, a wat hir an all Denge Welten zegutt kënnt. Du bass Deen, dee verzeit, de Ganzgeneréisen. Et gëtt kee Gott ausser Dir, Deen, dee bestëmmt, den Uréiwegen. Bahá’u’lláh INHALT DEEGLECHT GEBIET 11 EENHEET & FRIDDEN 11-13 ELTEREN 14 ERAUSFUERDERUNGEN & TESTER 15 FÉIERUNG 16 GLAWEN 17 HEELUNG & STÄERKT 17 HËLLEF 18-19 JUGENDLECH 20 KANNER 21 LUEF & DANK 22 MOIES 23 OWES 24 SCHUTZ 24 STANDHAFTEGKEET 25 VERSTUERWEN 26-27 BIBLIOGRAPHIE E groussen Deel vun de Gebieder sinn an dëser Publikatioun fir d’éischt iwwersat a verëffentlecht. D’Bahá’í Schrëften a Gebieder goufe meeschtens op persesch an arabesch niddergeschriwwen. De Shoghi Effendi, den Hidder vum Bahá’í Glawen, huet villes op Englesch iwwersat. Dës englesch Texter sinn d’Referenz fir d’Iwwersetzung an all déi aner Sproochen. Bahá’u’lláh, 1817-1892, Bahá‘í prayers: a selection / revealed by Bahá’u’lláh, the Báb, and ‘Abdu’l-Bahá. 1991 Edition ISBN: 0-87743-230-9 D’Aféierung, de Báb, Bahá’u’lláh, d’ Bahá‘í, Gebieder a Meditatiounen, fënnt een am Bichelchen: Unifier l’humanité, Die Menschheit vereinen, Unifying Humankind, 2017 ISBN: 2-87203-116-2 Erliicht mäin Häerz, 11 Gebieder a fënnef Sproochen, Esslemont Verlag, 2017 ISBN: 978-99959-786-2-4 Déi Verbuerge Wierder, Verëffentlechungen - Bahá’í Lëtzebuerg, 2017 ISBN: 978-2-9599754-0-0 Buchdeckel hannen: Dir sidd all d’Blieder vun engem Bam an d’Drëpsen aus engem Ozean. Bahá’u’lláh