⋮ KWIC ساخت حساب برای ذخیره گزیده‌ها در سرور.

Eng Pilgerrees 2005

Eng Pilgerrees Abrëll 2005 All Bahá'í Pilger kritt eng Brochüre mat Explikatiounen iwwert d’Bahá'í Pilgerrees. Do fënnt een am Ufank dës Zitatioun : You have asked about visiting holy places and the observance of marked reverence toward these resplendent spots. Holy places are undoubtedly centres of the outpouring of Divine grace, because on entering the illumined sites associated with martyrs and holy souls, and by observing reverence, both physical and spiritual, one's heart is moved with great tenderness. (Baha'u'llah, Synopsis and Codification of the Kitab-i-Aqdas, p. 61) Weider steet an der Aféierung : « Déi éischt a wichtegst Obligatioun fir all Bahá'í deen d’Hellegt Land besicht ass déi an den hellege Schräiner vu Bahá'u'lláh, dem Báb an 'Abdu'l-Bahá ze bieden an ze meditéieren. … Fir déi helleg Plazen am Bahá'í Weltzentrum kënnen ze besichen ass en onschätzbare Privileg, onendlech wäertvoll fir all Bahá'í Pilger. » ## Den éischten Dag Mir komme moies géint 9 Auer zu Haifa un. Mir haten déi grouss Chance, de Weekend bei engem Kolleg vun eis ze verbréngen. Hien heescht Omar Hasan, viru kuerzem bestued a wunnt zu Ilut, net wäit vun Nazareth eweg, an engem arabeschen Duerf vu 6000 Awunner. Sonndes ware mir zu Hamet-gader, beim Séi Tiberias. Do, niewent de Golan Héichten, ass e schéine Fräizäitpark mat enger waarmer Waasserquell. Et ass ëm déi 150 Meter ënnert dem Mieresspiegel. Et gëtt do och en Alligatorpark mat iwwert 200 verschidden Zorten. Impressionant ! Wéi gesot, mir komme moies géint 9 Auer zu Haifa un. Eisen Hotel, dee mir aus zwou Ursaache gewielt hunn, ass en fait kee richtegen Hotel. Et sinn d’Schwëstere vum Uerder vum Rousekranz déi hir Dieren opmaachen fir Visiteuren. Si si gutt ageriicht a ganz frëndlech. Mir hu bis elo just d’Schwëster Honorine getraff. Si mécht den Acueil, weist eis d’Zëmmer a mécht d’Keess. Dëst Hospice ass éischtens ganz präiswäert an zweetens läit et ënnen um Bierg Karmel, net wäit eweg vun de Bahá'í Terrassen, op der Jaffa Strooss. Wéi mir ukoumen, hu mir am Hotel direkt e puer Pilger aus Frankräich, Amerika, China an den Insele vu Maurizien begéint. ## Aschreiwung Eis éischt Aufgab ass et, eis am Centre d’accueil vun de Pilger anzeschreiwen. Mir hunn decidéiert zu Fouss de Bierg Karmel eropzegoen. Gott sei Dank ass et nach net ze waarm an no enger gudder halwer Stonn si mir do. Mir gi frëndlech empfang. Mir kreien eise Badge, e generelle Programm vun eiser Pilgerrees an e Bichelche mam Tittel : Äre Besuch vun den hellege Bahá'í Plazen. Mir hunn Zäit fir eis e bësse frësch ze maachen, eppes ze drénken an ze raschten. D’Gréisst vun enger Pilgergrupp ass ëm déi 200. Normalerweis gëtt et eng Opdeelung no der Sprooch. An eisem Fall gëtt et e franséischen, engleschen a persesch- sproochege Grupp. ## Eise Guide – D’Carole Während den 9 Deeg hu mir e Guide deen déi meeschten Zäit bei eis ass, deen do ass, wa mir eppes brauchen. Fir eise franséische Grupp ass dat d’Carole, eng jonk Fra aus dem Cameroon. Wéi all déi aner 6-700 Bahá'í déi hei zu Haifa am Bahá'í Weltzentrum schaffen, ass d’Carole fräiwelleg hei, dat heescht, si huet kee Salaire, mee et ass fir si eng Geleeënheet eng gewëssen Zäit en Déngscht hei ze maachen. Vill Jugendlech maachen dat fir 6 Méint, bis zu zwee Joer. Donieft ginn et och ganz Familien, déi hei schaffen, déi awer op eng onbegrenzten Zäit am Weltzentrum schaffen. D’Kanner ginn dann zu Haifa an d’Schoul a léieren Häbräesch an dacks och arabesch. Wéi gesot, d’Carole eise Guide gëtt eis eng éischt Aféierung an e genauen Iwwerbléck wat mir alles déi néng Deeg hei maachen. ## De Mausoleum vum Báb Haut ass just eng Aktivitéit um Programm. De Besuch vum Mausoleum vum Báb a vum 'Abdu'l-Bahá, um 4 Auer. Et ass dat déi éischt offiziell Visite, zesumme mat zwee Mëmbere vum internationele Léierzentrum, fir eis ass dat eng afrikanesch Madamm (hire Numm fällt mir elo net an) an den Här Shahriar Razavi. Virun der Visite vum Mausoleum krute mir eng kuerz Aféierung iwwert d’Bahá'í Pilgerreess. Et ass emol eppes wat all Bahá'í wa méiglech eemol a sengem Liewe maache sollt. Fir jiddereen ass den Abléck wou een am Mausoleum ass spezial. Déi eng si ganz emotional, anerer spieren eppes während der Pilgerrees an anerer spieren eréischt eppes wa si nees bei sech doheem sinn. Geféiert vun den zwee Mëmbere vum Internationale Léierzentrum, gi mir duerch déi wonnerschéi Gäert a Weeër déi zum Mausoleum um Bierg Karmel féieren. Mir si gebieden eis Schong auszedoe fir eranzeginn. Et ass ewéi e grousst Zëmmer, Teppecher um Bueden, héich Ridoen op de Säiten an e Bou deen zu engem Raum am Mausoleum féiert. Virum Raum ass e Schratt, op deem Blumme stinn a Rouseblieder. Do gesäit een am Raum aner dekorativ Elementer an do drënner läit begruewen am grousse Raum de Báb an niewendrun an engem méi klenge Raum 'Abdu'l-Bahá. No de Gebieder, ka jiddereen nach e bësse bleiwen, wéi ee wëllt. Anerer ginn eraus fir duerch d’Pied vun de Gäert ze trëppelen, verdéift an hire Gedanken a Gebieder, an hiren Erwaardungen an Hoffnungen. Sou hält dësen éischten Dag op. De Sonnenënnergang ass scho géint halwer sechs. Owes gi mir laanscht d’Ben Gurion Avenue fir eppes klenges z’iessen. Mir kucken de Bierg Karmel erop a gesinn an all senger Pracht, beliicht mat sou ville Luuchten, déi 19 Terrassen déi sech vun ënne bis uewen eropzéien, mam Mausoleum vum Báb matzen dran. ## Den zweeten Dag No enger net ganz glécklecher Nuecht – mir hate vergiess d’Fënster zouzemaachen, a mir haten e ganze Koup Moskitoe bei eis op Besuch – fänke mir eisen zweete Pilgerdag moies um 8 Auer un. ## Mam Bus op Bahji Et ass e wichtege Moment an eiser Rees, well mir mam Bus op Bahji fueren, fir op déi hellegst Plaz am Bahá'í Glawen ze goen, do wou déi mënschlech Reschter vun eisem Begrënner, Bahá'u'lláh begruewe leien. Bahji läit eng 25km wäit eweg vum Bierg Karmel zu Haifa, no bei dem ale Festungsprisong Akka. Et ass op däer Plaz wou Bahá'u'lláh 1892 gestuerwen ass. Zu däer Plaz riichte sech all Bahá'í op der Welt fir hiert deeglecht Flichtgebied, de Qiblih vum Bahá'í Glawen. Wéi ëmmer gi mir ganz häerzlech empfangen, kréien ze drénken a schmaachen déi säfteg Orangen a Pampelmussen, déi hei wuessen. Wéi all helleg Plaz am Bahá'í Glawen, sinn och Gäert ugeplanzt mat Palmen, Cactussen, all méigleche Blummen an allen denkbare Faarwen. Dës Gäert hëllefen eis bei der Meditatioun a sing eng Aféierung op de Besuch vun der Plaz selwer wou Bahá'u'lláh begruewe läit. ## Mir gi vum héchste Bahá'í Gremium empfaang No dëser Visite fuere mir zréck mam Bus op Haifa. No enger gudder Mëttespaus gi mir vum héchste Bahá'í Gremium empfangen, an dat am Sëtz vum Universalen Haus vun der Gerechtegkeet. Fir d’éischt kréie mir eng Taas Téi zervéiert. Duerno kommen d’Mëmbere vun Gremium erof a sëtzen sech an engem Hallefkrees virun eis. Ee vun hinnen heescht eis häerzlech wëllkomm, an no engem Gebiet wat vun engerm anere Mëmber gesot gëtt, seet den Här Hooper Dunbar eis e puer Wuert iwwert den Impakt vun der Pilgerrees. Hei an d’hellegt Land ze kommen ass eng wonnerbar Geleeënheet sech mat der Bahá'í Geschicht vertraut ze maachen, kënnen an de Mausolee vum Báb, Bahá'u'lláh an 'Abdu'l-Bahá ze bieden. Et heescht awer och sech bewosst ze sinn, dass mir dat wat mir hei erliewen, doheem deele sollen. No dëser kuerzer Aféierung bleiwe mir alleguer nach e Moment stoen an all déi 8 Mëmberen vum Haus déi do sinn. (ee vun hinnen, den Här Payman Mohadjer ass verhënnert) kommen eis eenzel begréissen. Et ass fir eis eng grouss Éier. Dëse Gremium gëtt all 5 Joer demokratesch vun den nationale Réit vun der Welt gewielt fir d’Affaire vum Bahá'í Glawen ze leeden. ## Mir gi vum internationale Léierzentrum empfaang No dësem Besuch si mir fräi bis owes, wou mir am Centre d’accueil vun de Mëmbere vum internationale Léierzentrum empfaang ginn. Dëse Besuch leeft e bëssen ähnlech of wéi dee viirege Besuch. D’internationalt Léierzentrum ass dee Pillier am Bahá'í Glawen deen ernannt gëtt vum héchste Bahá'í Gremium. Hir Aufgab ass et de Bahá'í Frënn ze hëllefen, d’Bahá'í Schrëfte besser ze verstoen. D’Mëmbere vun dëser Institutioun heesche Beroder. Dësen Owend hält op mat enger Taas Kaffi. Et léiert ee Leit aus anere Länner kennen, an d’Atmosphäre ass ganz entspaant. An dësem Grupp vu Pilger komme Läit aus Macau, Südafrika, Rwanda, Canada, Frankräich, Dänemark, Amerika, England fir nëmmen e puer Plazen op der Welt ze nennen. ## Den drëtten Dag Mëttwoch ass eisen drëtten Dag a fänkt u mat Gebieder am Mausoleum vum Báb an 'Abdu'l-Bahá, fir déi déi gäre fréi opstinn, also vun halwer siwe bis aacht. ## Mam Bus op Akko Duerno fuere mir mam Bus eng 20km ausserhalb vun Haifa an déi fréier Festungsstad Akko, do wou Bahá'u'lláh seng lescht Joren als Prisonéier vum ottomanësche Räich verbruecht huet. Mir hunn d’Geleeënheet mat eisem Guide duerch déi enk Stroosse vun Akko ze goen, d’Haus vum Abbud ze besichen, ee vun den Häiser wou Bahá'u'lláh an 'Abdu'l-Bahá gewunnt hunn, an och de Prisong, wou Bahá'u'lláh deemols schonn, ëm 1870, Pilger empfang huet. Et sinn déi kuerz Geschichte an Anekdoten vun eisem Guide, déi eis déif beréieren an dacks Tréine matsechbréngen. Well vill vun deem wat deemols geschitt ass, gläicht engem Wonner. Nomëttes, éier mir nees zréckfueren op Haifa, besiche mir e bëssen ausserhalb vun Akko de Ridvan Gaart, wou Bahá'u'lláh kuerz Zäit verbruecht huet, a wou hie sou frou war, nees Zäit an der Natur kënnen ze verbréngen, ëmgi vun Orangen an Olivebeem an enger Quell mat Waasser. Éier mir ginn, schmaache mir alleguer déi gutt Orange vun dëser Plaz. Mir ginn eis bewossst wéi eng grouss Chance mir hunn, als Pilger z’entdecken wéi enk verbonnen eise Glawe mat der Natur ass, mam Doft vun de Rousen an dem Jasmin, mam Gesang vun de Vullen. Zréck zu Haifa géint 5 Auer hu mir Zäit eis e bëssen auszeroen, éier mir eis all erëmgesinn am Centre d’acueil fir éisen éischten Owend, deen op franséisch Causerie heescht, mat engem Mëmber vun eng vun deenen zwou Institutiounen. Haut den Owend ass et mam Här Hartmut Grossmann, Mëmber vum héchste Bahá'í Gremium. … ## De véierten Dag Haut fänke mir eisen Dag mat Gebieder un, an dat a verschidde Sproochen, an eisem franséische Grupp. Eng kleng hallef Stonn, ganz informell, zesumme mat eisem Guide, d’Carole. ## D’Terrassen um Bierg Karmel Mir ginn zesumme mat him op déi eeleft Terrass, wou hatt eis e bëssen iwwert d’Terrassen erzielt, wéi schwéier et war, aus dësem Bierg voller Steng dee schéinste Gaart ze schafen. Mir hunn de Rescht vum Moien domat verbruecht déi lescht 8 vun am ganzen 19 Terrassen schéi gemitterlech eropzegoen. Mir kënnen nëmmen erstaunt sinn, iwwert d’Schéinheet vun dëse Gäert, d’Vielfaltegkeet vun de Planzen an d’Kreativitéit déi erfuerderlech ass, fir sou eppes z’entwerfen. E Geschenk net nëmme fir d’Bahá'í an der Welt, mee fir jiddereen deen Israel an d’Stad Haifa besiche kënnt. Mëttes ware mir fräi a vill vun de Pilger hunn dovu profitéiert fir sech Zäit ze huele fir op dësen hellege Plazen ze bieden an ze meditéieren. ## Eng « Causerie » mam Här Javaheri, Mëmber vum héchste Bahá'í Gremium Wéi gewinnt dann owes, eng Causerie, wat sech net sou liicht op lëtzebuergesch oder däitsch iwwersetze léisst, mat engem anere Mëmber vum héchste Gremium, dës Kéier den Här Javaheri. E ganz bescheidenen Här, Mëtt fofzeg, mat engem léiwe Laachen um Gesiicht. Eng gutt Stonn laang huet hien eis vu senger Aarbecht als Mëmber vun dësem héchste Gremium verzielt. Wat et heescht, d’Chance ze hunn, kënnen als Pilger hei 9 Deeg am Gebiet an der Meditatioun ze verbréngen. Wéi aussergewéinlech am Chile en neit Haus vun der Andacht gebaut gëtt, wat vun den Autoritéiten als Symbol vun Eenheet virgeschloe gouf, an dat aus Uléis vun der 200 jähreger Onofhängekeet vu Chile. Et ass e Genoss him nozelauschteren an hien huet eis dacks zum Laache bruecht mat senger Aart a Weis verschidde Saachen ze gesinn. Muer gi mir d’international Archive besichen, um Bierg Karmel, niewend dem Haus vun der Gerechtegkeet. ## De fënneften Dag ## Bahá'í Feierdag, néngten Ridvan Dag Haut ass e Bahá'í Feierdag, den néngten Ridvan Dag, wou Bahá'u'lláh ëffentlech zu Baghdad seng deklaréiert huet, dass Hien d’Manifestatioun vu Gott fir haut ass. Geplangt ass Mëttes eng Feier mat all de Pilger an de Bahá'í Frënn déi hei am hellege Land schaffen. ## D’Visite vun den internationalen Archiven Virdrun hu mir awer nach d’Visite vun den internationalen Archiven. Eise Guide fir dës Visite vun zwou Stonnen ass den André, e jonke Mann aus Südafrika. De Shoghi Effendi, Hidder vum Bahá'í Glawen schreift dass « den Entworf fir dat internationalt Bahá'í-Archiv, dat éischt herrlecht Bauwierk dozou bestëmmt ass, d’Erriichtung vum Weltverwaltungszentrum vum Glawen um Bierg Karmel anzeleden – d’Aarch, op déi sech Bahá'u'lláh am Schlussdeel vu Sengem Sendbréif vum Karmel bezitt – elo fäerdeg ass ». Am Abrëll 1957 war d’Gebäi fäerdeg. Et ass e Gebäi am klassesche Stil, mam Parthenon als Virbild, awer mat ionësche Kapitellen an am Tympanon iwwert dem Haaptagank as e Bild vun engem Sonnenduerchbroch mat dem Gréissten Numm. De Bau ass 12 Meter héich, 14 Meter breet an 32 Meter laang, huet 50 Seilen, 2 iwwer 7 Meter héich Pilaster an ass aus engem hellbeig gefierfte Marmor, bekannt als « Chiampo Paglierino ». Am Archiv selwer fënnt ee vill vun den original Schrëfte vun den zentrale Figuren am Bahá'í Glawen, e Portrait vum Báb an eng Foto vu Bahá'u'lláh. Dernieft gesäit ee, wéi si sech gekleet hunn a wéi si gelieft hunn. De ganzen Intérieur vun dësem Gebäi ass ausgeglach mat enger Rei vu grousse Biller a schéine Miwwelstécker. Fir vill vun eis eng eemoleg Erfarung. Nom Mëttegiessen treffe mir eis mat deenen aner Pilger beim Mausoleum vum Báb, vir Erfrëschungen, éier de Programm ufänkt. De Programm gëtt vum Här Hartmut Grossmann ageleet, Mëmber vum héchste Bahá'í Gremium. Et ginn 8 Texter, Gebieder a Gedichter gelies oder gesongen, op arabesch, englesch a persesch. No deem véierten Text ginn d’Kanner en zwousch anescht, wou fir se e spezielle Programm virbereet ass. Et ass dacks üblech dass déi persesch an arabesch Gebieder gesonge ginn. Duerno gi mir all an engem Cortège duerch d’Gäert rondrëm de Mausoleum vum Báb a vum 'Abdu'l-Bahá. Esou geet nach en Dag vun eiser Pilgerrees eriwwer, mat engem prachtvolle Sonnenënnergank. ## De sechsten Dag ## Fräien Dag Et ass Samschdeg a mir sinn haut fräi. Iwwregens ass de Samschdeg an Israel wéi eise Sonndeg. D’Geschäfter sinn zou. Mat enger anerer Koppel treffe mir eis zu Haifa an der Haparsim Strooss fir zwou vun deenen aneren interessanten historesche Plazen am hellege Land unzekucken. ## De Bahá'í Kierfecht Do gëtt et emol de Bahá'í Kierfecht, wou eng ganz Rei vu Bahá'í begruewe leien, well si hei zu Haifa gestuerwe sinn. Well am Bahá'í Glawen ass et esou, dass e soll do begruewe ginn wou ee stierft, konkret heescht dat net méi wäit eweg wéi eng Stonn. Mir hu beschloss, de Bahá'í Kierfecht zu Haifa ze besichen, um Enn vun der Allenby Strooss. An dësem Kierfecht fënnt een eng Ronn 60 Griewer. Eng Rei vun hinnen sinn aus der Zäit wou 'Abdu'l-Bahá gelieft huet, also em 1900. An vun do aus un aner Gleeweger, déi hei zu Haifa waren, sief et op Besuch, oder déi hei fir de Glawe geschafft hunn an hei zu Haifa gestuerwe sinn. De Kierfecht selwer huet e schéine Wee mat Palmeblieder an Anlage mat verschiddene Blummen, Planzen a Beem. ## D’Graf vun der Fra vum Hidder vum Bahá'í Glawen Déi aner historesch Plaz ass déi wou d’Fra vum Hidder vum Bahá'í Glawe begruewe läit. Si huet immens vill fir d’Verbreedung vum Glawe gemaach, si war eng Hand vun der Saach Gottes an ass 2000 gestuerwen. Hir Eltere koumen aus Kanada mam Numm Maxwell. Méi iwwert si hoffentlech méi spéit. Nomëttes hu mir da mat anere Bahá'í Pilger e Scherut, en Taxi fir 10 Persounen op Bahji geholl, do wou de Mausoleum vu Bahá'u'lláh ass. E Mausoleum ëmginn mat Gäert, Blummen, Planzen, Palmebeem, Olivebeem a Geranien. Eng wierklech Praacht. ## Eng « Causerie » mat der Madame Ramires, Mëmber vum internationale Léierzentrum Owes war et un der Rei vun der Madame Ramires, Mëmber vum internationale Léierzentrum, fir eis e puer Neiegkeete matzedeelen. Si huet zum Schluss och op eng Rei Froe vun de Frënn geäntwert. Wéi mir hir zum Schluss moie gesot hunn, ware mir frou ze héieren, dass si d’Famill Bartz vu Lëtzebuerg gutt kennt. Si selwer kënnt aus de Philipinen, a sou kënnt och d’Marivic Bartz. ## De siwwenten Dag ## Mam Bus op Mazra’ih Haut fänkt eisen zweete laangen Dag mat enger hallefstënneger Busfart un. Mir fuere vun Haifa op Akko, oder besser gesot just ausserhalb der Stad, op Bahji, do wou Bahá'u'lláh begruewe läit. Eisen éischte Stop ass zu Mazra’ih, no bei Akko, e Landhaus mat engem grousse Gaart a Bongert, wou Bahá'u'lláh eng Zäit laang verbruecht huet. Hie war frou mat der Schéinheet an dem Gréngen um Land. Enges Dags sot Hien : Elo ass et neng Joer dass et kee Gréngs méi gesinn hunn. D’Land ass d’Welt vun der Séil, d’Stad ass d’Welt vum Kierper. Säi Jong, 'Abdu'l-Bahá konnt sengem Papp dëse Wonsch erfëllen, obscho jo Bahá'u'lláh nach theoretesch e Prisonéier vum ottomanesche Räich war. ## D’Landhaus zu Bahji Déi lescht 12 Joer huet Bahá'u'lláh am Landhaus zu Bahji verbruecht. ## D’Haus vum 'Abdu'l A Pasha Déi drëtt historesch Plaz déi mir haut gesinn ass d’Haus vum Abdu’l A Pasha zu Akko. Et läit direkt beim Mier an et kritt een e gudden Androck wéi d’Leit um Enn vum 19te Jorhonnert do gelieft hunn. Hei ass elo net déi richteg Plaz fir all déi Geschichten z’erzielen, déi mat dëse Plaze verbonne sinn. ## Eng « Causerie » mam Här Keiser Barnes, Mëmber vum héchste Bahá'í Gremium Owes si mir nees am Pilgerzenter zu Haifa. Mir hunn d’Chance e Mëmber vun eisem héchste Gremium ze héieren, den Här Keiser Barnes, en Afrikaner. Hien huet eng Aart a Weis fir ze schwätzen an zu gläicher Zäit ze schmunzelen an ze laachen, déi richteg ustiechend ass. E Genoss him nozelauschteren. ( E puer Detailer kann ech erzielen ) Frou ze sinn, eng Australung ze hunn, d’Geschicht vun der Relioun, … ## Den aachten Dag Haut ass de virleschten Dag vun eiser Pilgerrees. Vu dass haut den 12ten Dag vu Ridvan ass, d’Period vun der Deklaratioun vu Bahá'u'lláh, si mir fräi. Mir hu kee feste Programm. Mëttes gi mir zréck an an de Centre d’accueil vun de Pilger fir eng Klengegkeet z’iessen. Am Zenter selwer kritt een näischt z’iessen, mee et kritt een ze drénken an et ass eng grouss Kichen do mat e puer Frigoen wou ee seng Iesssaachen kann ënnerbréngen. ## Op Bahji Do begéine mir eng Rei vu Frënn aus Frankräich. Si sinn net an der Grupp déi eng 9 Deeg Pilgerrees maachen, maachen si komme fir eng Visite vun 3 Deeg. E Besuch vun 3 Deeg kann een zu bal jidder Zäit maachen. Et brauch een net ze waarden fir eng Invitatioun ze kréien. Awer eng Visite vun 3 Deeg beschränkt sech op de Besuch vun de Mausoleen zu Haifa an zu Bahji, zesummen mat de Bahá'í Gäert rondrëm. Jiddefalls hu mir decidéiert zesumme mat eise Frënn mëttes op Bahji ze fueren, fir de Mausoleum vu Bahá'u'lláh ze besichen an do ze bieden an ze meditéieren. Zu Bahji gëtt et och e Centre d’accueil fir d’Pilger an d’Visiteuren, eng Plaz wou e ka raschten, eppes drénken a säi Sandwich iessen an natierlech och aner Bahá'í aus der ganzer Welt kenneléieren. Op all deene Plaze gëtt ee mat vill Respekt an Héiflechkeet empfangen an dat deet besonnesch gutt. ## Eng « Causerie » mam Här Rolf von Czekus, Mëmber vum internationale Léierzentrum Owes, zréck zu Haifa am Pilgerzentrum hu mir d’Gelegenheet en anere Mëmber vum internationale Léierzentrum kennenzeléieren, den Här Rolf von Czekus. Hien huet 'Abdu'l-Bahá zitéiert dee sot, dass déi 2 Stied Haifa an Akko an Zukunft zu enger grousser Metropolis ginn, mat vill Luucht tëschent deenen 2 Stied, a verschiddenen nëtzlechen Institutiounen. (Star of the West) Wat d’Pilgerfahrt ubelaangt, sot hien dass et am Moment schonn e Waardelëscht vu 40-50.000 Bahá'í gëtt, an dass an Zukunft d’Pilgerrees sécher wäert aanescht ausgesinn. Dass mir mat enger méi grousser Zuel vu Pilger, eng gewësse Proximitéit zu eisen hellege Stiedt verléiere wäerten. De Conseiller Rolf von Czekus huet eis och vu enger Rees erzielt, wou hien dës lescht d’Geleeënheet hat, am Congo, e puer Bahá'í Gemengen kennenzeléieren. Hie war erstaunt wéi gutt d’Bahá'í Gemeng do fonktionéiert. Den néngten a leschten Dag Eise leschten Dag fänkt un. Eisen Dag fänkt fréi un. Mir hu RDV bei der Entrée vum Universalen Haus vun der Gerechtegkeet. Mir besichen 3 Gebäier um Bierg Karmel, d’administratift Zenter vum Bahá'í Glawen. Fir d’éischt d’internationalt Léierzentrum, duerno de Sëtz vum héchste Bahá'í Gremium an zum Schluss d’Zentrum vum Studium vun den hellege Schrëften. Dës 3 Gebäier sinn alleguer am klassesche Stil gebaut. Si sollen op mannst eng 1000 Joer bestoe bleiwen. D’Architektur passt sech de Gäert um Bierg Karmel ganz gutt un an et besteet esou eng Harmonie mat der Natur. Nomëttes hu mir RDV an der Haparsim Strooss fir d’Haus vum 'Abdu'l-Bahá ze besichen, de Jong vu Bahá'u'lláh, Begrënner vum Bahá'í Glawen. De ganzen Dag iwwer hu mir d’Chance, dass eise Guide, d’Carole et net verpasst, eis déi passend Geschichten iwwert dës historesch Gebäier ze verzielen, ëmmer mat vill Léift. Haut, de leschten Owend hu mir RDV virum fréiere Pilgerhaus, virum Mausoleum vum Báb. Mir soen eis all Awar, awer fir d’éischt gi mir zesummen, mat e puer Mëmbere vun den Institutiounen, de Mëmbere vum héchste Gremium an dem internationalen Léierzentrum, an de Mausoleum vum Báb a vum 'Abdu'l-Bahá, wou mir Zäit hunn fir ze bieden an ze meditéieren. Jo, och déi schéinsten Zäit geet eriwwer. Elo fänkt den drëtten Deel vun der Pilgerrees un. Den éischten Deel vun der Pilgerrees ass d’Virbereedung op dës wichteg Etapp am Liewe vun all Gleewegen. Dat heescht déi finanziell a geeschteg Virbereedung. Den zweeten Deel ass d’Pilgerrees selwer. Déi 9 Deeg am hellege Land, d’Gebieder an d’Meditatiounen an de Mausolee vun 2 Manifestatiounen, de Báb a Bahá'u'lláh. Et ass eng Zäit wou vill an engem fir geet, wou een sech vill Froe stellt, wou ee sengem Schëpfer e bësse méi no kënnt. D’Pilger sinn och fir d’Bahá'í déi am hellege Land schaffen, wéi d’Blutt fir d’Weltzentrum. An da kënnt deen drëtten Deel vun der Pilgerrees. Wann een doheem ass, geet et drëm, der Famill an de Frënn e Stéck vun dëser aussergewéinlecher Erfarung matzedeelen. Zitater : Akká and Haifa Mirza Ahmad Sohrab recorded in his diary the following prophecy about 'Akká and Haifa uttered by 'Abdu'l-Bahá while seated by the window of one of the Bahá'í Pilgrim Homes at Haifa on February 14, 1914: -- The view from the Pilgrim Home is very attractive, especially as it faces the Blessed Tom of Bahá'u'lláh. In the future the distance between 'Akká and Haifa will be built up, and the two cities will join and clasp hands, becoming the two terminal section of one mighty metropolis. As I look now over this scene, I see so clearly that it will become one of the first emporiums of the world. This great semicircular bay will be transformed into the finest harbor, wherein the ships of all nations will seek shelter and refuge. The great vessels of all peoples will come to this port, bringing on their decks thousands and thousands of men and women from every part of the globe. The mountain and the plain will be dotted with the most modern buildings and palaces. Industries will be established and various institutions of philanthropic nature will be founded. The flowers of civilization and culture from all nations will be brought here to blend their fragrances together and blaze the way for the brotherhood of man. Wonderful gardens, orchards, groves and parks will be laid out on all sides. At night the great city will be lighted by electricity. The entire harbor from 'Akká to Haifa will be one path of illumination. Powerful searchlights will be placed on both sides of Mount Carmel to guide the steamers. Mount Carmel itself, from top to bottom, will be submerged in a sea of lights. A person standing on the summit of Mount Carmel, and the passengers of the steamers coming to it, will look upon the most sublime and majestic spectacle of the whole world. From every part of the mountain the symphony of "Ya Baha'u'l-Abha!" will be raised, and before the daybreak soul-entrancing music accompanied by melodious voices will be uplifted towards the throne of the Almighty. Indeed, God's ways are mysterious and unsearchable. What outward relation exists between Shiraz and Tihran, Baghdad and Constantinople, Adrianople and 'Akká and Haifa? God worked patiently, step by step, through these various cities, according to His own definite and eternal plan, so that the prophecies and predictions as foretold by the Prophets might be fulfilled. This golden thread of promise concerning the Messianic Millennium runs through the Bible, and it was so destined that God in His own good time would cause its appearance. Not even a single word will be left meaningless and unfulfilled. (Dr. J.E. Esslemont, Baha'u'llah and the New Era, p. 250) Bahá'u'lláh ordains His resting-place as the Qiblih after His passing. The Most Holy Tomb is at Bahji, 'Akká. 'Abdu'l-Bahá describes that Spot as the "luminous Shrine", "the place around which circumambulate the Concourse on High". In a letter written on his behalf, Shoghi Effendi uses the analogy of the plant turning in the direction of the sun to explain the spiritual significance of turning towards the Qiblih: ...just as the plant stretches out to the sunlight – from which it receives life and growth -- so we turn our hearts to the Manifestation of God, Bahá'u'lláh, when we pray; ... we turn our faces ... to where His dust lies on this earth as a symbol of the inner act. (Baha'u'llah, The Kitab-i-Aqdas, p. 169) Wenn ein Mensch in seinen Gedanken fortgesetzt den himmlischen Dingen zustrebt, wird er wie ein Heiliger, wenn sich seine Gedanken hingegen nicht erheben, sondern abwärts trachten, um sich in den Mittelpunkt der Dinge dieser Welt zu stellen, wird er fortwährend materieller, bis er einen Zustand erreicht, der wenig besser als der des bloßen Tieres ist. (Abdu'l-Baha, Ansprachen in Paris) Die Pilger sind, wie der geliebte Hüter sagte, das Lebensblut dieses Weltzentrums, und es war schon lange unsere große Hoffnung und unser Wunsch, allen den Segen einer Pilgerreise zum Heiligen Land gewähren zu können, die dazu in der Lage sind. (Briefe des UHG, Ausgewaehlte Botschaften 1963-1996) Rappelez-vous ce dicton : "De tous les pèlerinages, le plus grand consiste à soulager le coeur meurtri par l'affliction." (Abdu'l-Baha, Selection des ecrits d'Abdu'l-Baha) Jérusalem, lieu de pèlerinage de tous les peuples du monde, a été surnommée la Ville sainte. Avec Sion et la Palestine, elle est située dans ces régions. C'est pourquoi il a été dit: "Béni l'homme qui a migré vers Acre". (Baha'u'llah, Epitre au fils du loup) 1. Lois et ordonnances diverses : a) Le pèlerinage. (Baha'u'llah, Le Kitab-i-Aqdas) Le Seigneur a ordonné à ceux qui le peuvent, de se rendre en pèlerinage à la Maison sacrée. Cette ordonnance concerne deux demeures sacrées, la Maison du Báb à Shíráz et la Maison de Bahá'u'lláh à Baghdád. Bahá'u'lláh a précisé qu'un pèlerinage à l'une ou l'autre de ces deux maisons satisfait à l'exigence exprimée dans ce passage (Q&R 25, 29). Dans deux tablettes distinctes, connues sous le titre de Súriy-i-Hajj (Q&R 10), Bahá'u'lláh prescrit des rites spécifiques pour chacun de ces pèlerinages. En ce sens, l'accomplissement d'un pèlerinage est plus qu'une simple visite de ces deux demeures. Après le décès de Bahá'u'lláh, Abdu'l-Bahá désigna le tombeau de Bahá'u'lláh à Bahjí comme un lieu de pèlerinage. Dans une tablette, il indique que le "plus saint Tombeau, la Demeure bénie de Baghdád et la Maison vénérée du Báb à Shíráz" sont "consacrés au pèlerinage", et qu'il est "obligatoire" de visiter ces endroits "si on en a les moyens et la capacité, et si nul obstacle ne s'y oppose". Aucun rite n'a été prescrit quant au pèlerinage au plus saint Tombeau. Sa faveur en a exempté les femmes. Dans le Bayán, le Báb prescrivit l'ordonnance du pèlerinage, une fois dans leur vie, à ceux de ses disciples qui avaient les moyens financiers d'entreprendre le voyage. Il déclara que cette obligation ne concernait pas les femmes, afin de leur éviter les rigueurs du voyage. De même, Bahá'u'lláh a exempté les femmes de ses prescriptions relatives au pèlerinage. La Maison Universelle de Justice a précisé que cette exemption n'est pas une interdiction, et que les femmes sont libres d'effectuer le pèlerinage. (Baha'u'llah, Le Kitab-i-Aqdas) Nous nous sentons obligés de mentionner au moins deux autres développements au Centre mondial, d'un ordre tout à fait différent : le premier est la décision d'augmenter le nombre de pèlerins dans chaque groupe de 100 à 150 - ceci entrera en vigueur lorsque la restauration actuellement en cours du bâtiment acquis récemment, et situé en face du passage menant à la tombe de La Plus Sainte Feuille, sera terminée et que l'on pourra utiliser la salle prévue pour les pèlerins ainsi que d'autres aménagements nécessaires pour la gestion d'un programme de pèlerinage plus important (Maison universelle de justice, 1999 - Ridvan 156) Après le décès de Bahá'u'lláh, Abdu'l-Bahá désigna le tombeau de Bahá'u'lláh à Bahjí comme un lieu de pèlerinage. (Baha'u'llah, Le Kitab-i-Aqdas)