Martyrerdoud vum Bab eng Geschicht
De Märtyrerdoud vum Bab 9.
Juli 1850
Héich an de Bierger, am Norden vu Persien, läit eng Festung, Mákú genannt.
Do war de Bab gefaange gehalen.
Et war esou batterkal, dass d'Wasser mat dem hie säi Gesiicht gewäsch huet, op senger Haut zu äisegen Drëpse gefruer ass.
Nuets hat hie keng Luucht an hien huet déi laang Nuechten am Donkele verbruecht.
De Bab war gefaangen, obwuel hien naischt Béises gemaach hat.
All Mensch deen hie kannt huet war frou mat him, nëmmen déi domm Leit net, déi déi gefaart hu si géingen hir Muecht verléieren.
Si waren et och déi hien an d'Festung verbannt hunn.
Sie hu gefaart dass d'Gewalt vu sengem Wuert géing dozou féieren dat si hier Muecht géinge verléieren.
„Wann de Bab mol esou wäit eweg ass a seng Frënn hien net méi gesinn, da vergiesse sie hie bestëmmt ganz séier an da lauschtere sie eis erëm no."
Sie hunn awer ganz séier erkannt dass sie sech ganz schrecklech geiirt haten!
Net nëmme seng Frënn an Unhänger si ganz vill Deeg gereest ( déi Zäit goufen et nach keng Autoen a keng Fliegeren, do sin d'Leit nach um Iesel geridden oder zu Fouss gaang) fir hien ze gesinn, nee och d'Leit déi um Bierg gewunnt hunn an déi him fir d'éischt och net getraut hunn, hunn ugefaang frou mat him ze sinn!
Hier Häerzer hu sech verwandelt, sie ware wéi Feier a Flam aus lauter Léift zu him.
All Mueres si si virun der Aarbecht bei d'Festung gaangen, hunn dohin gekuckt wou dem Bab säin Gefängnis war, hunn zu him gebied an hunn him säi Sege gefrot.
Souguer säi Gefägniswächter, deen am Ufank ganz streng mam Bab war, huet seng Meenung geännert an hien huet de Pilger (Frënn) erlabt hien ze besichen.
Dat huet dem machtgieregen Kanzler vu Persien guer net gefall an hien huet veruerdnet dass de Bab an eng Festung wäit eweg op Chihríq sollt bruecht ginn.
Mais och do huet d'Begeechterung déi d'Leit him entgéint bruecht hun net nôgelôss!
Hi gouf dun virun d'Gericht zu Tabriz geruff an as dô vun den Gechtlechen verhéiert.
Sie wollten beweisen dat den Bab am Onrecht war an si wollten hien öffentlech bloussstellen.
Sie hâten awer net aberechent dat dât dem Bab d'Gelegenhét gin huet seng Botschaft virun allen Leit ze erklären!
Hien gouf gefrôt:"
Wât as dein Usproch?
Wien bass du iwerhaapt?"
„ Ech sin, ech sin dén (Verheissenen) dén ugekennegt as!"
An obwuel se alleguer op dén dén schon esou laang vun allen Relionen ugekennegt as gewârt hun, an dén och Mohammed ugekennegt hât, hun sie hien net erkannt an sie hun hien dunn no Chihriq zreckbruecht.
Zu Tabriz huet déi Zeit é jonken Mann geliewt - Anis huet hien geheescht.
Hien war vun ganzem Herzen frou mam Bab an hien huet sech naischt méi gewenscht wéi nô bei him ze sin.
Dem Anis seng Famill huet et mat der Angscht ze din kritt!
Sie hun gemengt hien wier verreckt gin an sie hun hien am Haus agespârt..
Den Anis war ganz verzweifelt.
Awer dun as eppes ganz Wonnerbares geschitt:
Den Anis hât den ganzen Dâg gebied an an der Nuecht as den Bab him erschengen.
Hien huet dem Bab gelâcht an sôt:
„Fré dech d'Stonn as nô an där ech an deser Stât virun den Aan vun allen Leit erschoss wärt gin.... dech huen ech gewielt mat mir den Kelech vum Märyrertum eidel ze maachen.
Du kanns ganz secher sin dat dât Verspriechen dât ech dir elo gin hun an Erfellung wärt goen."
Den Bab huet dem Anis versprach dat hien mat him zesummen den Märtyrerdoud stierwn därf, an den Anis war iwerglëcklech doriwer.
Wât as dàt den Märtyrerdoud?
An vierwât huet den Anis sech gefrét ze stierwen?
Dât heescht , fir Gott ze stierwen, fir den Glâwen un Gott sein Liewen ze opferen.
An den Anis konnt sech naischt Schéineres virstellen wéi zesummen mam Bab fir Gott ze stierwen.
Net lâng nô dem Anis sengem Drâm huet d'Regierung veruerdnet den Bab an all seng Frenn an Unhänger doud ze maachen.
Den Bab hun sie aus sengem risong geholl an sie hun hien op Tabriz bruecht.
D'ganz Stât war an Opreegung an an den Stroossen huet et nemmen esou gewimmelt vun Leit.
Virun der Kasär wou sie den Bab hinbrengen wollten huet ee jonken Mann sech duerch d'Leit gedreckt huet sech virun den Bab op d'knéien gehait an huet hien ugefleet hien net fortzeschecken - dât war den Anis.
„Stéi op" huet den Bab gesôt, „sief secher dass du bei mir bleiwen wärts..."
Den Anis an och vill aaner Babi sin gefângen geholl gin an mat dem Bab an eng Zell bruecht gin.
An deser Nuecht war den Bab ganz glecklech.
Hien huet mat sengen Frenn geschwât.
Hien huet den Wonsch geäussert vun engem Frend, an net vun engem Feind doud gemach ze gin.
Awer seng Frenn waren frou mat him an sie hun net färdeg bruecht hien doud ze maachen.
Dem Anis seng Léift awer war awer esou grouss dat hien dem Bab sein Wonsch wollt erfellen an hien huet sech berét erkärt den Bab doud ze maachen.
Den Bab huet dem Anis sein Opfer net ugeholl.
Hien hâ hien jo erwielt fir mat him ze stierwen- dem Anis sein Drâm as an Erfellung gaangen!
Dén aaneren Muergen - Den Bab war grad amgaang mat sengem Sekretär de Siyyid Husayn ze schwätzen - huet en Offizéier hien ofgeholl fir en zu engem Verhéier ze brengen.
Den Offizéier huet den Bab ennerbrach well hien wollt net dat den Bab sein Gespréich mat sengem Sekretär sollt färdeg maachen.
„Keng Muecht vun deser Welt kann mech roueg kréien esou laang ech net alles gesôt hun wat ech wollt soen."
Den Sám Khan, dén ieweschten Offizéier vun den Zaldôten déi den Bab sollten erschéissen war een heemlechen Frend vum Bab an wollt hien net doudmaachen.
Hien huet den Bab gefrôt dat hien soll eppes maachen dass hien net braicht ze befehlen den Bab ze erschéissen.
Den Bab huet him geäntwert :
„ Maach dat wât's du gesôt kritt hues, an wanns du et éierlech mengs dann kann Gott dir bestemmt hellefen."
10 000 Menschen hun um Haff vun der Kasär gewârt.
Op den Diech vun den Heiser sutzen se, fir ze gesinn wann den Bab ging erschoss gin.
Den Bab an den Anis sin mat Seeler un een decken Nôl deen an en Potteau ageschloen war festgebonnen gin .
750 Zaldôten stungen an drei Reien hannerteneen an hun zesummen op den Bab an den Anis geschoss.
Den Damp vun den Gewierer huet suguer d'Sonn verstoppt an alles war daischter fir e puer Minutten.
Wéi d'Dampwollek sech verzunn hâ hun d'Leit hieren Aan net getraut! :
Den Anis stung onverletzt bei der Mauer an den Bab war verschwonnen!
All Mensch huet no him gesicht.
Sie konnten et net gleewen!
Nô enger Zeit hun sie den Bab an senger Prisongszell eremfond.
Hien war amgaang mat sengem Sekretär sein Gespréich färdeg ze féieren, wéi hien et gesôt hât!
„ Ech hât nach eppes mat mengem Sekretär färdeg ze beschätzen, lô sin mir färdeg an dir kennt mech elo erschéissen."
Sôt hien zum Sám Khan.
Dén war esou erféiert dat hien sengen Zaldôten befall huet den Haff vun der Kasär ze verloosen.
An dât direkt!
Hien huet ersprach niemôls den Bab doudzemaachen, an wann hien selwer mam sengem eegenen Liewen dofir sollt bezuelen!
Du sinn aaner Zaldôten geruff ginn an den Bab an den Anis sinn eng zweeten Kéier festgebonnen gin.
Dem Bab seng läscht Wieder un d'Leit déi dô stungen nôzekucken, waren :
„ Dén Dâg wärt kommen wou dir mech erkennt, dén Dâg sin ech awer net méi bei iech !"
An dunn hun d'Zaldôten geschoss.
Am selwechten Moment huet e ganz staarken Wand iwert d'Stât gebloosen.
E richtegen Stuerm!
Den Himmel war schwarz wi an der Nuecht.
D'Leit hun ganz schrecklech gefaart an sin an hier Heiser gerannt esou schnell sie nemmen konnten.
Mais et huet alles naischt gehollef.
Sie hun net erkannt wéi schrecklech dât war wât geschitt war:
Den Bab, dén dén Gott hinnen gescheckt hât, war doud."
Vill vill Joeren méi spéit as den Bab um Bierg Karmel an Israel begruewen ginn.
An enges Dâgs wärt och dir eng Pilgerrées an d'hellecht Land maachen an dén wonnerschéinen Schrein vum Bab besichen goen.
Hien strahlt metten an wonnerschéienen Gärt Fréd an Muecht aus.
Seng gellen Kuppel kuckt iwert d'Mier eraus dem Baha'u'llah sein Schrein zu Bahji.
Baha'u'llah an den Gottesbote, deen den Bab virausgesot huet, d'Herrlechkeet Gottes, fir déi hien de Wee beret huet.
1